easyPRO Cyber – Cyberversécherung fir Betriber
Cyberattacke betreffen hautdesdaags all d’Entreprisen, onofhängeg vun hirer Gréisst, awer och Independanten, Fräiberuffler, ASBLen an ëffentlech Ariichtungen. Fuitte vun Donnéeën, Iwwerweisungsbedruch, Ransomware oder E-Mail-Hacking kënne gréisser finanziell Verloschter verursaachen an Är Aktivitéit laangfristeg beanträchtegen.
Mat easyPRO Cyber profitéiert Dir vun enger Komplettléisung, déi Preventioun, Begleedung a finanzielle Schutz matenee verbënnt. Eng kontinuéierlech Analys vun Ärer Risikoexpositioun an d’Interventioun vun Experten am Fall vun engem Incident stelle sécher, datt Är Entreprise virun, wärend an no enger Cyberattack begleet gëtt.
Mat dëser Léisung kënnt Dir Menacë virgräifen, Är Systemer ofsécheren an d’Kontinuitéit vun Ärer Aktivitéit entspaant garantéieren.
Preventioun a kontinuéierlech Verbesserung sti bei dësem Produit am Fokus
Op enger spezieller Plattform ginn Iech Tools zur Verfügung gestallt, mat deenen Dir Är Schwaachstellen identifizéieren, Äre Sécherheetsniveau suivéieren an Är global Cybersécherheetslag kontinuéierlech verbessere kënnt. Phishing-Tester, Iwwerwaachung vun de Schwaachstellen a konkreet Recommandatiounen, fir d’Sécherheet vun Ärer Entreprise dauerhaft ze stäerken.
Eng 360°-Assurance
Profitéiert vun engem ëmfaassende Schutz géint Intrusiounen, mënschlech Feeler, E-Mail-Bedruch, Ausfäll vum System (Pannen) oder béiswëlleg intern Handlungen, fir Är Aktivitéit virun deene gréisste Cyberrisiken ze schützen. Optional bitt d’Assurance Iech esouguer d’Méiglechkeet, Iech virun allen Ausfäll vum IT-System ze schützen, och deenen, déi net direkt mat der Cybersécherheet zesummenhänken, dorënner och Pannen.
Eng speziell Ekipp vun Experten, déi 24/7 verfügbar ass
Wann et zu engem Incident kënnt, intervenéieren dank eisem Partenariat mat Dattak iwwer 50 Experten aus de Beräicher Cybersécherheet, Droit a Krisemanagement direkt, fir Är Systemer ze sécheren, d’Attack ze geréieren an d’Auswierkungen op Är Entreprise ze begrenzen.
Ëmfaassende finanzielle Schutz
easyPRO Cyber iwwerhëlt d’Konsequenze vun enger Cyberattack: D’Käschte fir d’Restauratioun vun de Systemer an Donnéeën, déi virgeschriwwen Notifikatiounen, d’Betribsausfäll an aner Käschten am Zesummenhang mam Incident ginn en charge geholl, fir d’Kontinuitéit vun Ärer Aktivitéit sécherzestellen.



