
easyPRO Cyber: Esou kënnen d’Acteuren aus der Kommunikatioun an dem Evenementiel hire Kapp a Rou leeën
An enger Welt, an där d’Kommunikatioun haaptsächlech op digitale Mëttele baséiert, si kreativ Déngschtleeschter – beispillsweis Kommunikatiounsagencen, Organisateure vun Evenementer oder Produzente vu Spektakelen – an d’Viséier vun de Cyberkriminelle geroden. Si geréiere gläichzäiteg d’Social-Media-Konten, d’Publicitéitsplattformen an d’Mediebudgete vu ville Clienten an dofir sinn d’Acteuren aus der Kommunikatioun an dem Evenementiel eng privilegiéiert Entréesdier zu villen Entreprisen. Wien dës Acteuren hackt, kritt potenziell op ee Coup Zougang zu Dosenden Entreprisen an hiren Zilgruppen, an ausserdeem ginn och sensibel Donnéeë wéi Invitéslëschten, Ticketsinformatiounen, Publicitéitsbudgeten a Clientsdonnéeën am Zesummenhang mat Campagnen a Promotiounen exposéiert.…
Méi liesen


