Grupp Neiegkeeten
Actualité DKV
Neie Präventiounstool fir Äert Doheem
Präventioun: a wann dee beschte Schued deen ass, deen net geschitt?
Abroch, Waasserschued, Feier, Stuerm… Et kann een net alles virausgesinn. Et kann een awer dacks verhënneren, dass aus engem klengen Tëschefall e grousse Problem gëtt.
Den neie Präventiounstool « Haus/Wunneng » vu LALUX bitt praktesch a personaliséiert Rotschléi, fir Iech dobäi ze hëllefen, Äert Doheem am Alldag ofzesécheren.
E puer einfach Schrëtt, nëtzlech Gewunnechten an ugepasste Recommendatioune fir d’Risiken ze reduzéieren, iert se iwwerhaapt entstinn.
E puer Minutten, déi haut an d’Präventioun investéiert ginn, kënnen Iech muer vill Misär erspueren.
Probéiert elo eisen digitaalen Tool aus an entdeckt all eis Tipps fir dat ze schützen, wat Iech wichteg ass.