Rechtlech Hiweiser
Legislatioun a Reglementatioun
D’Benotzung vun dësem Internetsite ënnerläit de lëtzebuergesche Gesetzer a Reglementer gradewéi de follgende Konditiounen.
Dësen Internetsite ass den exklusiven Eegentum vu LA LUXEMBOURGEOISE, Société Anonyme d’Assurances, a LA LUXEMBOURGEOISE-VIE, Société Anonyme d’Assurances, déi am Rescht vum Text als „LALUX“ bezeechent ginn.
Andeem de Benotzer den Internetsite weider consultéiert, akzeptéiert hien déi follgend Konditiounen ouni Virbehalt. LALUX behält sech d’Recht vir, d’Konditioune fir d’Benotzung vun dësem Site jidderzäit ze änneren. Dofir réit LALUX all Benotzer, déi aktuellst Versioun vun de Konditioune vun dësem Site reegelméisseg ze consultéieren.
Copyright
D’Texter, Marken, Logoen, Informatiounen oder Elementer, déi op dësem Site ugewise ginn, gehéieren exklusiv LALUX. All deelweis oder vollstänneg Reproduktioun, Duerstellung, Iwwersetzung, Upassung oder Verbreedung vum Inhalt vun dësem Site stellt, onofhängeg vum Support oder vum Verfaren, eng Fälschung duer an ass ouni ausdrécklech Geneemegung an Awëllegung vu LALUX verbueden.
Genauegkeet vun den Informatiounen
Dësen Internetsite ass fir d’Clientë vu LALUX a ganz allgemeng fir all Persoun bestëmmt, déi sech fir d’Produiten an /oder d’Déngschtleeschtunge vu LALUX interesséiert.
Obwuel all méiglech Efforten ënnerholl goufe fir sécherzestellen, datt d’Informatiounen op dësem Site richteg sinn, kann net garantéiert ginn, datt all d’Informatioune korrekt sinn.
LALUX kann net verantwortlech gemaach gi fir Informatiounen, déi net prezis, net vollstänneg oder falsch sinn, oder fir Informatiounen, déi gefälscht oder manipuléiert goufen. LALUX behält sech d’Recht vir, den Inhalt vum Site ze änneren oder en onzougänglech ze maachen. Den Inhalt vun dësem Site gëtt ausschliisslech zu Informatiounszwecker zur Verfügung gestallt.
Sitten ausserhalb vum Site vu LALUX, besonnesch d’Sitte vu LALUX-Partner, déi iwwer en Hyperlink mat dësem Site verbonne sinn, ënnerstinn net der Kontroll vu LALUX, déi deemno all Verantwortung a Bezuch op hiren Inhalt an hir Zougänglechkeet ofleent. De Benotzer ass eleng fir hir Benotzung verantwortlech.
Allgemeng Benotzung vum Internetsite
De Site ass gratis (ofgesi vun de Käschte fir d’Internetverbindung, déi vum Benotzer ze droe sinn) a steet de Benotzer ronderëm d’Auer un alle Wochendeeg zur Verfügung, souwäit keng Fäll vu Force majeure, IT-Pannen, Maintenanceaarbechten oder Problemer mat den Telekommunikatiounsreseaue virkommen.
LALUX verflicht sech, esou séier ewéi méiglech all Moossnamen an d’Weeër ze leeden, déi néideg sinn, fir de Site nees funktiounsfäeg an zougänglech ze maachen.
Si verflicht sech, hiert Bescht ze maachen, fir den Zougang, d’Consultatioun an d’Benotzung vun den Informatiounen nom leschte Stand vun der Technik ze securiséieren. Den Internet ass mat Risiken a Limitte verbonnen, an de Benotzer ass eleng dofir verantwortlech, wéi en d’Informatioune benotzt. D’Informatiounen an d’Meenungen um Site www.lalux.lu kënnen a kengem Fall als formell Rotschléi betruecht ginn, fir déi LALUX an/oder hir Auteuren haften. D’Déngschter an d’Donnéeë ginn ausschliisslech zu Informatiounszwecker zur Verfügung gestallt.
LALUX kann net fir eventuell direkt oder indirekt, materiell oder immateriell Schied verantwortlech gemaach ginn, déi duerch d’Benotze vum Internetsite verursaacht ginn, besonnesch a Verbindung mat enger Ënnerbriechung, dem Ausfall oder dem Dysfonctionnement vum Site, déi zeréckzeféiere sinn op den Ausfall wéinst Maintenanceaarbechten oder d’Remise en état vum IT-System vu LALUX, technesch Pannen oder Iwwerlaaschtung vum Reseau, Ausfäll vun den Telekommunikatiounsreseauen, Feeler, Noléissegkeeten oder Feeler vun de Fournisseuren oder enger Drëttpersoun, genee ewéi Virussen am Internet.
LALUX verflicht sech, ouni eng Obligation de résultat anzegoen, all déi néideg Moossnamen ze ergräifen, fir dem Benotzer d’Sécherheet an d’Vertraulechkeet vu sengen iwwermëttelten Donnéeën ze garantéieren, erënnert d’Benotzer awer gläichzäiteg drun, datt d’Bréifgeheimnis am Internetreseau op kee Fall garantéiert ass.
Weeder LALUX nach ee vun hire Partner, déi Informatioune bereetstellen, kënne fir Feeler, Omissiounen, Verännerungen oder d’Dauer fir d’Aktualiséiere vun den Informatiounen an hir eventuell Konsequenzen am Kader vun hirer Benotzung verantwortlech gemaach ginn. Si kënnen op kee Fall fir direkt oder indirekt Schied verantwortlech gemaach ginn, déi sech aus dem Zougrëff op oder aus der Benotzung vum Site erginn.
Den Internetbenotzer kennt sech mam Wiese vum Internet aus, besonnesch mat den technesche Performancen a mat de Reaktiounszäiten, fir Informatiounen ze consultéieren, ofzeruffen oder ze iwwerdroen. Et ass deemno seng Aufgab, all adequat Moossnamen ze ergräifen, fir seng eegen Donnéeën an/oder Software géint eng Kontaminatioun mat Viren, déi eventuell um Site vu LALUX zirkuléieren oder an den Informatiounen enthale sinn, ze schützen. Et ass och de Benotzer hir Aufgab, sech – besonnesch am Beräich vun der Informatik, den Telekommunikatiounen an der Sécherheet – adequat ze ekipéieren, fir op déi ugebuede Servicer zouzegräifen a se ze benotzen, an dës Ekipementer à jour ze halen.
De Benotzer benotzt dësen Internetsite op seng eege Verantwortung.
All Erhiewung vun Donnéeën iwwer de Site ënnerläit de gesetzleche Bestëmmungen am Beräich vum Konsumenteschutz an dëse Bedéngungen.
Zougang a Responsabilitéit vum Benotzer
Dir sidd den Ament mam Internetsite verbonnen, deen iwwer d’Adress www.lalux.lu zougänglech ass All Zougang zum Internetsite oder Benotzung vum Site erfollegt ënnert der Verantwortung vum Benotzer.
Et ass d’Aufgab vun all Internetbenotzer, déi néideg Moossnamen an Initiativen ze ergräifen, fir seng eegen Donnéeën an/oder Software viru Kontaminatioun mat eventuelle Virussen oder all aner Zort vu Piraterie, déi um Internet zirkuléiert, ze schützen.
Et gëtt drun erënnert, datt LALUX keng E-Maile verschéckt, mat deene vertraulech Donnéeën (Zougangscoden, Passwierder oder Kontosnummeren) erhuewe solle ginn.
Wann de Benotzer esou eng Zort vun E-Mail kritt, rode mir him, LALUX direkt doriwwer ze informéieren an op kee Fall déi gefrote vertraulech Donnéeën elektronesch matzedeelen.
LALUX kann net dofir verantwortlech gemaach ginn, wann de Benotzer selwer vertraulech Informatioune verbreet.
Webmaster
Dëse Site gouf vu LALUX kreéiert. Wann Dir trotz eise reegelméissege Kontrollen eng Anomalie feststelle sollt oder wann Dir op Problemer op dësem Site stousst, da biede mir Iech, eisem Webmaster dat iwwer d’Adress groupeLL@lalux.lu matzedeelen.
Är Commentairen, Iddien oder Reaktioune gi selbstverständlech mat der gréisster Suergfalt gepréift. Mir soen Iech Merci fir Ären Interessi um Internetsite. Zéckt net, LALUX iwwer déi genannten Adress ze kontaktéieren.
Uwendbaart Recht – territorial Zoustännegkeet a Sprooch
Dësen Internetsite ënnerläit der Lëtzebuerger Legislatioun a Reglementatioun. Uwendbar sinn ausschliisslech déi Lëtzebuerger Gesetzer a Reglementer.
Déi Lëtzebuerg Geriichter sinn eleng dofir zoustänneg, fir iwwer all eventuell Litigen am Zesummenhang mat der Benotzung, Interpretatioun an Ausféierung vun den Informatiounen an Donnéeën op dësem Internetsite ze decidéieren.
Et gëllt ausschliisslech déi franséisch Versioun vum Internetsite LALUX.