Äre LALUX Agent kann Iech och Leasing-Méiglechkeeten ubidden Time2Lease
Time2Lease

Time2Lease

Dir wëllt en aneren Auto an denkt iwwer Leasing no, mee Dir wëllt awer Är easyPROTECT Auto Versécherung bäibehalen? Dir wëllt op en Elektroauto ëmklammen, mee Iech net laangfristeg engagéieren andeems Dir den Auto kaaft? Dir sidd zefridde mat Ärer Autoversécherung an Ärem LALUX Agent

Mat Time2Lease bitt Ären Agent Iech Zougang zu privilegéierte Leasing Offeren an Zesummenaarbecht mat senge Leasing Partner. Profitéiert vun hirem grousse Choix u Marken a Gefierer, thermesch oder elektresch, wärend Dir weiderhin Är easyPROTECT Auto Versécherung behaalt. Egal ob Dir d'Gefier vun Ärer Wiel konfiguréiert hutt, ob Dir eng Offer vun Ärer Garage kritt hutt, oder ob Dir nach net genee wësst wat Dir wëllt, kontaktéiert Äre LALUX Agent fir eng Leasing Offer ze kréien.

Virdeeler

Haalt Är Relatioun mat Ärem Agent

Dir profitéiert weiderhi vun der professioneller Berodung vun Ärem Agent an de Servicer vu LALUX.

Profitéiert vun de Virdeeler vun easyPROTECT

Keng Franchise am Fall vun engem versécherte Schued, integrale Remboursement vun Ärem Apport initial am Fall vun engem Totalschued, Ersatzauto, Assistanceleeschtung zu Lëtzebuerg an am Ausland.

Haalt Äre perséinleche Bonus

Mat Äre perséinleche Bonus kënnt Dir als erfuerene Chauffer méi Reduktioune kréien. 

Personaliséiert Äre Leasing

Dir kënnt weider Servicer bäisetzen, fir vun enger Offer ze profitéieren déi op Är Besoinen ugepasst ass.

Méi dozou...

Wëllt Dir en elektreschen Auto?

Installéiert eng Opluedstatioun bei Iech doheem mat Time2Lease

Dir wëllt mam Auto an d'Vakanz fueren? Profitéiert vun engem thermeschen Auto vun Ärer Wiel fir 7, 14 oder 21 Deeg pro Joer.