• Schützt dat, wat wierklech wichteg ass!

    Evaluéiert Äre Mobilier richteg Schützt dat, wat wierklech wichteg ass!
    Méi gewuer ginn

    Äert Doheem ass vill méi ewéi nëmmen eng physesch Plaz – et ass d’Häerz vun Ären Erënnerungen, vun Ärem Alldag, a vun Äre wäertvollen Objeten. Et ass also wichteg, Är Hausversécherung reegelméisseg ze aktualiséieren, an dobäi och besonnesch op de Wäert vun Ärem Mobilier opzepassen. 

    Mobilier: eng wesentlech Erklärung

    Am Assurancëjargon versteet een ënnert dem Begrëff «Mobilier» all d’Miwwelen an Ärem Doheem, déi Iech oder Äre Familljemembere gehéieren. Zousätzlech zu de renge Miwwelen ëmfaasst de Mobilier och d’Abaukichen, d’Haushaltsapparater, d’Dekoratioun, d’Kleeder, d’Hightech-Geräter... 

    Permanent Verännerungen

    De Wäert vun Ärem Besëtz evoluéiert mat der Zäit. De gemittleche Canapé, deen Dir schonn zënter e puer Joer hutt, den neie Fernseh oder d’Sammlung vu Konschtwierker, déi Dir rezent kaf hutt – all dës Saachen droen zum Räichtum vun Ärem Doheem bäi. Mee wéi vill vun eis denken drun hir Versécherungszomm entspriechend unzepassen

    D’Ënnerversécherung: en ënnerschätzte Risiko

    Stellt Iech vir et geschitt en onerwaarte Schued - e Feier, eng Iwwerschwemmung, oder souguer en Déifstall. Dat Lescht, wat Dir an dem Moment braucht ass, ze gesinn datt d’Versécherungszomm vun Ärer Wunneng net hirem aktuelle Wäert entsprécht. D’Ënnerversécherung kann esou zu engem finanzielle Verloscht an onnéidege Suerge féieren.

    D’Muecht vun der Viraussiicht

    Déi gutt Noriicht ? Dir hutt d’Muecht virzesuergen. Andeems Dir reegelméisseg de Wäert vun Ärem Mobilier an Ärem Versécherungskontrakt reevaluéiert, verséchert Dir Iech, datt Äre Schutz ëmmer up-to-date ass. Et ass eng simpel, awer wichteg Investitioun fir d’Sécherheet vun Ärem Doheem.

    Ee puer praktesch Tipps

    • E präzisen Inventaire: Huelt Iech Zäit fir en Inventaire vun Ärem Besëtz ze maachen andeems Dir Är rezent Uschafunge bäifüügt. Et ass unzeroden Är Versécherungszomm all 2 bis 3 Joer ze iwwerpréiwen.
       
    • Liewensverännerungen: grouss Evenementer, wéi d’Arrivée vun engem neie Familljemember oder mat sengem Partner zesummen ze plënneren, sinn oft Grënn fir eng Revisioun vun Ärer Versécherung
       
    • Ënnerstëtzung vun engem Expert: Äre LALUX Agent ass fir Iech do, fir Iech ze begleeden. Zéckt net hien ze kontaktéieren!

    De Schlëssel fir eng aktualiséiert Ofdeckung

    Säi Kapp kënnen a Rou ze leeën, ass onbezuelbar! Verséchert Iech, datt d’Versécherungszomm vun Ärem Mobilier an Ärem Kontrakt och sengem tatsächleche Wäert entsprécht. Dat ass de Garant fir en effikasse Schutz vun deem, wat wierklech zielt: Ärem Doheem

    easyPROTECT Haus a Wunneng

    Méi dozou