Bleift virun allem roueg a fëllt de „Constat à l’amiable”, deen Dir bestëmmt bei Ären Autospabeiere leien hutt, gewëssenhaft aus. Huelt déi wichteg Informatioune vum anere Chauffer, wéi den Numm an d'Adress, d'Mark an d'Plackennummer vu sengem Auto an d'Coordonnéeë vu senger Assurance, genee ewéi d'Nummer vum Kontrakt (déi ëmmer op der Assurancëkaart steet) op.

Setzt Iech dann direkt mat eisem Departement Indemnisation a Verbindung

  • Wann deen aneren zu Lëtzebuerg assuréiert ass, da kritt Dir praktesch Hëllef iwwer d'Nummer 4761-4761.
  • Wann deen aneren am Ausland assuréiert ass, dann hëllefen eis qualifizéiert Gestionnairen Iech op der Nummer 4761-6799.

Wann Dir nach mat Ärem Auto fuere kënnt, da probéiert, de Schued graff schätzen ze loossen a maacht elo schonn e Rendez-vous mat Ärem Garage aus. Esou gewannt Dir Zäit fir d'Reparatur an d'Indemnisatioun.