Infoen & Tools / FAQ / Wat soll ech maachen, wann ech mech net (méi) alogge kann?

Wat soll ech maachen, wann ech mech net (méi) alogge kann?

Dir musst ëmmer déi Coordonnéeë benotzen, déi Dir bei Ärer éischter Umeldung/dem Ariichte vum Kont benotzt hutt.
Bei Ärem Passwuert ass d'Kleng- a Groussschreiwung wichteg. Grouss Buschtawen, kleng Buschtawen, Espacen asw. mussen deemno richteg benotzt ginn, fir datt d'Alogge funktionéiert.

  • Stellt wgl. sécher, datt Dir déi neist Versioun vu LALUX easyAPP installéiert hutt. Dir kënnt se am App Store (iOS) a bei Google Play (Android) eroflueden.
  • Iwwerpréift wgl., ob déi aktuell Versioun vu LALUX easyAPP mat Ärem Telefon kompatibel ass (iOS > Versioun 11; Android > Versioun 7).
  • Dir kënnt Äert Passwuert beim Aloggen oder och soss zu all Ament an der easyAPP (an der Rubrik „Paramètres” (Astellungen)) änneren.
  • Wann Dir Är Login-E-Mail-Adress ännere musst, da biede mir Iech, eisen easyAPP-Support-Service op der Nummer (+352) 4761 - 6147 ze kontaktéieren. Äre Gespréichspartner guidéiert Iech da bei deenen nächste Schrëtt.
  • Wann Dir Feelermeldunge kritt oder wann technesch Problemer optrieden (Maintenance-Aarbechten, Funktioun net disponibel), geet et dacks duer, e puer Stonnen ze waarden an et dann nach eng Kéier ze probéieren.

Wann Dir Iech dann awer nach ëmmer net alogge kënnt, da kontaktéiert wgl. de Support-Service vun easyAPP op der Nummer: (+352) 4761 – 6147.