easyPROTECT Accident Confort Eng Pauschalformel, bei där Dir d'Versécherungszomm fräi festleeë kënnt
Formel Confort
Privatclienten / Assurancen / Accident / Formel Confort

Formel Confort

D'Formel Confort vun der Assurance easyPROTECT Accident passt sech un d'Liewe vun deene Leit un, déi en einfache Versécherungsschutz sichen, fir hir Sécherheet ze garantéieren. Well d'Versécherungszomm am Ufank festgeluecht gëtt, hutt Dir och d'Héicht vun Ärer Indemnitéit an der Hand. Dir kënnt d'Versécherungszomm selwer festleeën oder Iech vun eisen erfuerenen Agente berode loossen!
 

Virdeeler

Am Fall vu permanenter Invaliditéit

- D'Indemnitéit gëtt op der Basis vum Invaliditéitstaux berechent
- D'Versécherungszomm gëtt opgrond vun Ärem perséinleche Choix festgeluecht
- Indemnisatioun vun 3 % Invaliditéit un
 

Am Stierffall

- Finanziell Entlaaschtung vun Ärer noer Famill
- D'Kapital gëtt am Viraus op der Basis vun Äre perséinlechen Ufuerderunge festgeluecht
- Am Fall vum gläichzäitegen Doud vun den 2 Assuréë gëtt de Betrag verduebelt, souwäit d'Assurance fir 2 Persounen ofgeschloss gouf 

Remboursement vun den Dokteschkäschte bis zu 2 500 Euro

- Doktesch- a Spidolskäschten
- Käschte fir Medikamenter a paramedezinesch Leeschtungen
- Käschte fir Protheesen
- Käschte fir den Transport vun der Plaz vum Accident bis an dat noosten zoustännegt Spidol (bis zu 200 km)

Héicht vun Ärer Indemnitéit am Viraus bekannt

Wéinst hirem forfaitäre Charakter sidd Dir bei dëser Formel an der Lag, d'Héicht vun Ärer Indemnitéit am Viraus ze kennen.

Lalux Document Img Alt

easyPROTECT Accident

Méi dozou...

Leet d'Versécherungszomm selwer fest

Am Kader vun der Formel Confort hutt Dir d'Méiglechkeet, de Budget, deen Dir fir Ären eegene Schutz, awer och fir dee vun noe Familljememberen, asetze wëllt, selwer festzeleeën. 
Mir recommandéieren Iech am Idealfall déi follgend Versécherungszommen: 
- 1 Joresakommes fir e Stierffall
- 3 Joresakommes fir Invaliditéit
Eis Agente stinn Iech selbstverständlech fir all weider Froen zur Verfügung

En Agent fannen

Assistance doheem

Eng effikass Hëllef am Noutfall

Am Kader vun der Optioun Assistance doheem iwwerhëlt LALUX eng ganz Rei vu Servicer, déi Äert Liewen no engem Accident vereinfache kënnen: Haushaltshëllef, Versuerge vu Kranken, Kanner an Déieren, psychologesch Ënnerstëtzung, schoulesch Nohëllef, Transport am Taxi.