Hëlleft Äre Kanner, hir Dreem ze verwierklechen! easyLIFE Education
Möi dozou...
Privatclienten / Assurancen / Liewen / easyLIFE Education

easyLIFE Education

Mat easyLIFE Education kënnt Dir dofir suergen, datt Är Kanner zu engem bestëmmte Moment e festgeluechte Betrag ausbezuelt kréien, egal wat Iech geschitt.

Wann Dir stierwe sollt, éier Äre Spuerplang ofgeschloss ass, gëtt de geplangte Betrag trotzdeem no deene vun Iech gewielte Modalitéiten iwwerwisen. Är Kanner verfügen dann iwwer déi néideg Mëttel, fir hir Studie weiderzeféieren oder sech am Liewen ze installéieren.

Fir easyLIFE Education gëllt ausserdeem e gënschtege steierleche Kader. Net nëmmen, datt Är Erspuernesser vun engem garantéierte Rendement profitéieren, Dir kënnt Är Assuranceprimmen och nach vun de Steieren ofsetzen.

Virdeeler

Flexibelt Spueren

Dir entscheet selwer, wéi e Betrag Dir investéiere wëllt, fir d'Zukunft vun Äre Kanner virzebereeden. Dat garantéiert Kapital gëtt op der Basis vun dësem Betrag festgeluecht.
Dir kënnt och decidéieren, all Mount e gewësse Betrag, deen an Äre Budget passt, ze bezuelen.

Steierlech Virdeeler

Jee no Akommes kënnt Dir bis zu 45 % vun der investéierter Primm vun de Steieren ofsetzen, virausgesat, de Kontrakt leeft iwwer mindestens 10 Joer.

Kapital oder Rent, Äre Choix

Um Enn vun Ärem Kontrakt hutt Dir d'Méiglechkeet ze wielen, ënner wéi enger Form Är Kanner vun den Erspuernesser, déi Dir hinnen zoukomme loosse wëllt, profitéiere kënnen. Zum festgeluechten Zäitpunkt kréie si deemno entweeder direkt de ganze Betrag, oder si kréie wärend engem festgeluechten Zäitraum eng Rent ausbezuelt.

Egal fir wéi eng Variant Dir Iech entscheet, dës Beträg ginn net besteiert.
Dir wielt och, a wéi engem Alter si dës finanziell Bäihëllef kréie sollen.

Garantéierten Zënssaz a Gewënnbedeelegung

De Mindestzënssaz vun Ärem Erspuerte gëtt vun der Opsiichtsautoritéit vun den Assureuren, dem Commissariat aux Assurances, festgeluecht.
All Joer gëtt en zousätzleche Gewënnbedeelegungstaux festgeluecht, dee vun de Resultater vun der Gesellschaft a vun der Zënsentwécklung op de Finanzmäert ofhänkt.

Méiglech Optiounen

Optioun Accident

Am Fall vum Doud duerch en Accident kann dat verséchert Kapital maximal ëm dat Véierfacht erhéicht ginn. A wann et sech ëm e Verkéiersaccident handelt, da kann de festgeluechte Betrag bis zu 7 Mol erhéicht ginn.

Optioun vollstänneg Invaliditéit

Dës Optioun erméiglecht et, op d'mannst d'Bezuele vun de Primmen auszesetzen an d'Garantie fir d'Ausbezuele vum festgeluechte Betrag am Stierffall trotzdeem oprecht ze erhalen. Am Fall vun enger vollstänneger kierperlecher Invaliditéit gëtt de Montant, dee fir de Stierffall virgesi war, direkt ausbezuelt.

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

easyLIFE Education

Spuere fir Kanner: Virsuerg a Sécherheet

Méi dozou

Net nëmme fir d'Elteren!

easyLIFE Education adresséiert sech un all d'Leit, déi d'Zukunft vun engem Kand, deem si nostinn, mat opbaue wëllen, och wa si net Famill mat deem Kand sinn.