Spuerkeess – LALUX Am Déngscht vun de professionelle Clienten
Méi dozou...

Spuerkeess – LALUX - Am Déngscht vun de professionelle Clienten

Onofhängeg vum Secteur, an egal ob si als Entrepreneur, Handwierker oder Geschäftsmann/-fra, am Automobil- oder HORESCA-Beräich, an engem medezinesche Beruff oder fräiberufflech schaffen, LALUX an d'Spuerkeess beroden a begleede gemeinsam hir professionelle Clientë bei alle Froe ronderëm d'Assurancen.

Virdeeler

Am Interêt vun de Clienten

D'Clientë kënne vu personaliséierter Berodung an alle Froe ronderëm d'Assurance an d'Virsuerg profitéieren.

Eng komplett Gamm vun Assurancen

All Client kann op eng komplett Gamm vun Assurancen zeréckgräifen, déi op seng Besoinen a säi jeeweilege Beruff ofgestëmmt kënne ginn. Si bidden en optimale Versécherungsschutz fir seng Gidder, seng Entreprise, seng Mataarbechter an och fir hie selwer. Egal a wéi engem Secteur hien aktiv ass, LALUX begleet hie wärend sengem ganze beruffleche Parcours.

LALUX, Fachleit un Ärer Säit

D'Ekippe vu LALUX si méisproocheg (Englesch, Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch), héichqualifizéiert a verfügen iwwer eng confirméiert Expertise am Beräich vun de Liewensversécherungen.

LALUX, Leader am Beräich vun de Liewensversécherungen zu Lëtzebuerg

LALUX ass den éischte Liewensversécherer am Grand-Duché a Leader am Beräich vun den Zousazpensiounsversécherunge fir Entreprisen. Iwwer 35.000 Mataarbechter a ronn 2.000 Clientsentreprisë profitéieren esou vum komplette Versécherungsschutz vu lalux-Staff Protect.

Dokumenter

An dësen zwee Guidë kënnen Dirigeants d'entreprises resp. Independanten a Fräiberuffler déi verschidde Versécherungsléisunge vu LALUX entdecken. 

Partner zanter iwwer 30 Joer!

1989, wou d'SPUERKEESS gezwongen ass, hir Assurancenaktivitéiten opzeginn, fänkt alles un. Well d'SPUERKEESS awer weider d'Prête vun hire Clienten ofséchere wëll, went si sech u LA LUXEMBOURGEOISE, deen eenzege Partner, deem säi Kapital zu 100 % lëtzebuergesch ass, e wichtege gemeinsame Punkt fir béid Gesellschaften. Dat selwecht Joer zwéngt eng europäesch Direktiv LA LUXEMBOURGEOISE, hir Liewensversécherungs- an Net-Liewensversécherungsaktivitéiten ze trennen. D'Partenariat konkretiséiert sech bei der Kreatioun vun den Duechtergesellschafte LA LUXEMBOURGEOISE Société Anonyme d’Assurances a LA LUXEMBOURGEOISE-VIE Société Anonyme d’Assurances, wou d'SPUERKEESS eng Bedeelegung vu 40 % a béiden Duechtergesellschafte vu LA LUXEMBOURGEOISE hëlt. Fir dës Zesummenaarbecht ze verstäerken, engagéiert d'SPUERKEESS sech, ausschliisslech Assurancëproduite vu LALUX unzebidden.

Haut ass d'Zesummenaarbecht vu SPUERKEESS a LALUX virun allem erfollegräich bei der Ofsécherung vum Immobiliekreditter a Finanzementer. Béid Partner sinn awer bereet, mat de professionelle Clienten nach e Schratt weider ze goen.