Accessibilitéitserklärung

LALUX (La Luxembourgeoise S.A.) verflicht sech, hir digital Servicer an Inhalter fir jiddereen accessibel ze maachen, och fir Leit mat Behënnerungen.
Mir beméien eis, d’Benotzererfarung fir all eis Visiteure kontinuéierlech ze verbesseren an wenden unerkannten Accessibilitéitsnormen un, dorënner WCAG 2.2 an déi europäesch Norm EN 301 549.
Dës Accessibilitéitserklärung betrëfft den Internetsite vu LALUX, deen iwwer d’Adress www.lalux.lu. zougänglech ass

Status vun der Kompatibilitéit mat den Ufuerderungen

Dësen Internetsite ass deelweis konform mat der europäescher Norm EN 301 549 a mam allgemenge Referentiel, dee se ëmsetzt, dëst wéinst den Elementer, déi hei ënnendrënner opgezielt sinn.

Net accessibel Inhalter

LALUX schafft weider un der Optimiséierung vun Elementer, déi nach net de Normen entspriechen - Zoustand : 09.01.2026

  • Op alle Säiten ass de Kontrast tëschent Text an Hannergrond e bëssen ze niddreg.

Commentairen a Coordonnéeën

Hutt Dir e Commentaire oder eng Bemierkung iwwer d’Accessibilitéit op dësem Site? Da kontaktéiert eis. Mir erklären Iech dann de Fortschrëtt vun den Aarbechten am Zesummenhang mat der digitaler Accessibilitéit. Mir beäntweren Är Froen esou séier wéi méiglech, awer spéitstens bannent der gesetzlecher Frist vun engem Mount. Merci fir Äre Feedback. Dir kënnt eis op follgender Adress kontaktéieren:

communication@lalux.lu

Am Fall wou d’Äntwert net zefriddestellend ass, hutt Dir och d’Méiglechkeet den Informatiouns- a Pressedéngscht (Service information et presse), dee fir d’Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, iwwer säin Online-Formulaire fir Reklamatiounen, oder awer de Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg ze informéieren.