• Säin Doheem schützen: Esou mécht een et richteg

    Esou mécht een et richteg Säin Doheem schützen
    Méi gewuer ginn

    Eng Hausversécherung ass e wichtegt Element, fir Äert Doheem géint onerwaart Risiken ze schützen. Ob Dir Proprietär oder Locataire sidd, déi richteg Assurance auswiele kann am Fall vun engem Schued e groussen Ënnerscheed maachen. Entdeckt hei e puer nëtzlech Tipps, déi Iech hëllefen, a puncto Assurance fir Haus a Wunneng déi bescht Entscheedung ze treffen.

    Wéi e Versécherungsschutz braucht Dir?

    Éier Dir Iech fir eng Hausversécherung entscheet, huelt Iech e bëssen Zäit, fir Är spezifesch Besoinen ze evaluéieren. Fir d’éischt ass et emol wichteg, ob Dir Proprietär oder Locataire sidd. 

    • Vun de Locatairë gëtt dacks vun de Proprietären eng Hausversécherung verlaangt. Si schützt Iech, wann um Gebai Schied entstinn, fir déi Dir verantwortlech gemaach kéint ginn, an déi dozou féieren, datt de Proprietär Recours géint Iech hëlt.  Mat dëser Assurance kënnt Dir och all Är Gidder versécheren.
    • Wann Dir Proprietär sidd, muss d’Assurance net nëmmen déi beweeglech Gidder mee och d’Gebai u sech a seng Amenagementer ëmfaassen.
    • Proprietären, déi net selwer am Haus wunnen, gëtt och recommandéiert, eng Assurance fir déi verlounte Wunnengen ofzeschléissen. Dat, well verschidde Risike vum Proprietär an net vum Locataire ze droe sinn: Informéiert Iech gutt am Viraus a loosst Iech vun Ärem Agent beroden! 

    An alle Fäll musst Dir duerno de Wäert vun Äre Gidder a speziellen Ekipementer richteg evaluéieren. Esou gëtt déi Zomm bestëmmt, déi an Ärem Kontrakt steet, an déi am Fall vun engem Schued als Basis fir Är Entschiedegung gëllt. Ass déi Evaluatioun ze niddreg, riskéiert Dir, datt d’Entschiedegung och limitéiert ass.

    Et ass wichteg, wéi eng Garantien Dir auswielt

    No dëser éischter Analys kann et heiansdo schwéier sinn, erauszefannen, wéi eng Garantien ee brauch. Wann Dir Iech awer déi richteg Froe stellt, fält Iech de Choix méi liicht. 

    • Ass e Versécherungsschutz géint Déifstall eng Prioritéit?
    • Wëllt Dir och Äre Smartphone an Är Multimedia-Geräter verséchere loossen? Wa jo, wëllt Dir am Fall vun engem Totalschued den Neiwäert rembourséiert kréien?
    • Ass et wichteg fir Iech, datt Äert Haus am Fall vun engem Schued no den aktuellen Normen nees opgebaut gëtt?
    • Geet Iech déi klassesch Garantie, déi Stierm ofdeckt, duer? Oder wëllt Dir och géint Réckstau an der Kanalisatioun, Äerdrutsch, Uewerflächenoffloss vu Reewaasser oder esouguer Iwwerschwemmunge verséchert sinn?

    D’Äntwerten op all dës Froen hëllefen Iech, Är Preferenze fir de Schutz vun Ärem Doheem besser ze bestëmmen an erauszefannen, wéi eng Formel am beschte bei Är Besoine passt.

    Bei easyPROTECT Haus a Wunneng vu LALUX kënnt Dir tëschent dräi Formelen auswielen

    • D’Formel Sécurité regruppéiert d’Basisofsécherungen (Brand, Waasserschied, Glasbroch, schlecht Wieder) zu engem kontrolléierte Präis
    • D’Formel Confort, bei där Dir à la carte just déi Optiounen auswiele kënnt, déi fir Iech am wichtegste sinn
    • D’Formel Performance, wann Dir eng ultrakomplett Formel sicht

    Dir hutt och d’Méiglechkeet, fir optional Garantië fir Är spezifesch Ekipementer, wéi zum Beispill Geräter mat grénger Energie (Solarpannoen, Opluedstatioune fir Elektrogefierer), eng Schwämm oder och nach Är Wäertgéigestänn a Sammlungen, derbäizesetzen.

    Schützt méi ewéi nëmmen Är Wunneng

    Déi bescht Hausversécherunge schützen net nëmmen Äert Doheem a säin Inhalt, mee kënnen och Äre Liewensstil ofdecken.

    Fir Iech ass duuss Mobilitéit wichteg? easyPROTECT Haus a Wunneng ënnerstëtzt Iech bei Ären Entscheedunge fir en nohaltege Liewensstil an erlaabt Iech, Är Vëloen – ob E-Bike oder net – oder aner Zorte vun Trottinette géint Déifstall a materiell Schied ze schützen, awer och Verletzungen am Zesummenhang mat hirer Benotzung ofzesécheren.

    Och Reese kënne mat abezu ginn. Wann Dir vill reest, ass dës speziell Garantie mat Sécherheet onverzichtbar. Integréiert se an Är Assurance fir Haus a Wunneng, an Dir braucht net méi bei all Reservatioun dorun ze denken, well Dir sidd d’ganzt Joer iwwer verséchert! Dir braucht nëmmen auszewielen, wéi e Schutz fir Iech wichteg ass: Annulatioun, Assistance oder och nach Gepäck.

    An da gëtt natierlech och d’Haftflichtversécherung staark recommandéiert. Si séchert Iech, Är Famill an Är Hausdéiere géint Schied of, déi Dir anere Leit verursaache kéint. Domat kënnt Dir bei all Äre Projeten Äre Kapp a Rou leeën.
     

    Wichteg ass och, wéi eng Assistance-Leeschtungen an Ärer Assurance fir Haus a Wunneng ugebuede ginn

    Et ass ëmmer gutt ze wëssen, datt Dir am Fall vun engem Schued op Ären Assureur ziele kënnt. Mat Home Assistance, dem 24/7-Pannendéngscht, sidd Dir sécher, datt e spezialiséierten Handwierker (Schlësseldéngscht, Sanitärinstallateur, Heizungsinstallateur oder Elektriker) séier op der Plaz ass. Och d’Ersatzstécker fir d’Reparatur ginn iwwerholl. Bei engem versécherte Schued gräift d’Home Assistance an organiséiert d’Garde vun de Kanner oder Hausdéieren oder de Gardiennage vun Ärem Doheem, an iwwerhëlt esouguer Ären Immobilieprêt, wann Äert Doheem wéinst de Schied onbewunnbar ginn ass. Eng Hëllef, déi ëmmer wëllkomm ass …

    Vergläicht d’Präisser a virun allem déi ugebuede Garantien

    Bei engem Devis fir eng Hausversécherung mat engem aussergewéinlech gudden Tarif soll een ëmmer besonnesch virsiichteg sinn. Sidd Dir wierklech gutt verséchert? Sidd Dir och am Fall vun engem Déifstall gutt ofgeséchert? Hutt Dir eng Garantie géint all Naturkatastrophen, och Iwwerschwemmungen? Hutt Dir och iwwerpréift, datt am Fall vun engem Schued keng Franchise an d’Spill kënnt? Iwwerloosst näischt dem Zoufall a vergewëssert Iech, datt Dir perfekt assuréiert sidd. Esou hutt Dir de Kapp fräi an et steet Iech näischt am Wee!

    Ären Agent steet Iech ëmmer zur Säit

    Loosst Iech vun engem Agent begleeden! Hien ass en Expert a sengem Beräich a kennt all d’Produiten. Hie beréit Iech, wéi eng Assurancë jee no Ärer Situatioun an Äre Besoinen am beschte bei Iech passen. Wann et zu engem Schued kënnt, steet hien Iech zur Säit, begleet Iech an Ären Demarchen a fënnt mat Iech zesummen déi éischt konkreet Léisungen. 
    Wann Dir vun engem LALUX-Agent wëllt kontaktéiert ginn, kënnt Dir gären online en Devis fir easyPROTECT Haus a Wunneng ufroen.

    easyPROTECT Haus & Wunneng

    Méi gewuer ginn