En Accident ass séier geschitt. Dës Assurance séchert Är Famill géint déi finanziell Konsequenze vu Schied of, déi Dir anere Leit verursaacht.
#LALUXShorts Familljenhaftflicht
D’Haftflichtversécherung, och nach RC genannt, ass zu Lëtzebuerg net vum Gesetz virgeschriwwen. Dat heescht awer net, dass Dir dorop verzichte sollt!
Wann Ären Hond dem Noper säi Gaart ëmbuddelt oder Dir ongewollt den deiere Fernsee am Buttek ëmgeheit – ouni RC kann dat nawell deier ginn.
Fir esou finanziell Iwwerraschungen ze vermeiden, geet et duer iwwert eng Familjenhaftflicht verséchert ze sinn. Fir eng moderat Primm vu just e puer Euro de Mount, schützt Dir Är ganz Famill.
Ausserdeem ass d’RC eng einfach Optioun vun Ärer easyPROTECT Haus a Wunneng.
Är Kanner sinn dobäi automatesch ab hirer Gebuert mat ofgedeckt! Eng Kéier ofgeschloss, musst Dir keng weider Upassunge méi un Ärem Kontrakt virhuelen, wann sech Är Famill vergréissert.
Gitt keng onnëtz Risiken an. Schléisst elo eng RC of a schützt Iech virun alle Mëssgeschécker.

