Gitt gewuer, wéi Dir d’Gesondheet vu Kanner, Erwuessenen, eelere Leit an déi vun Ären Hausdéieren an Zäite vu grousser Hëtzt schützt. Schonn einfach Moossname kënnen hëllefen, d’Geforen, déi mat den héijen Temperature verbonne sinn, ze reduzéieren.
Hëtztwelle kommen ëmmer méi dacks vir a kënne staark Auswierkungen op d’Gesondheet hunn. Och wann héich Temperaturen eis alleguer betreffen, verschidde Persoune si méi vulnerabel wéi anerer. Wann ee seng Gewunnechten upasst, kann een d’Geforen, déi mat der Hëtzt verbonne sinn, reduzéieren an e ganz entspaante Summer verbréngen.
Kanner: Hei heescht et, ëmmer gutt oppassen
Bëbeeën a kleng Kanner hu méi Schwieregkeeten, fir hir Kierpertemperatur ze reegelen an deshydratéieren dofir méi séier wéi Erwuessener. Et ass deemno wichteg, besonnesch gutt op si opzepassen, wann et dobausse richteg waarm ass.
Schützt si, andeem Dir:
- hinne reegelméisseg Waasser gitt, och wa si net dono froen.
- hinne lëfteg Kleeder an helle Faarwen unditt.
- wärend de wäermsten Dageszäiten net mat hinnen erausgitt a léiwer moies oder am spéiden Nomëtteg eppes mat hinnen ënnerhuelt.
- Loosst e Kand ni eleng am Auto, och net mat enger oppener Fënster.
- se wann néideg mat engem fiichten Duch oder engem Spray ofkillt.
- liicht, waasserräich an altersgerecht Liewensmëttel wéi Waassermeloun, Meloun, Äerdbier oder Kornischong fir si eraussicht.
Erwuessener: de Rhythmus upassen
Och Erwuessener, déi gutt a Form sinn, kënnen ënner der Hëtzt leiden. Kierperlech Efforten, Schaffen am Fräien oder net genuch drénken erhéijen de Risiko vun enger Deshydratatioun oder engem Hëtzschlag.
Op waarmen Deeg:
- Setzt Iech net an déi prall Sonn mee éischter an de Schiet.
- Drénkt de ganzen Dag iwwer reegelméisseg Waasser (mindestens 1,5 Liter den Dag).
- Reduzéiert kierperlech Aktivitéite wärend deene wäermste Stonnen.
- Iesst léiwer liicht Molzechte mat vill Uebst a Geméis.
- Maacht reegelméisseg eng Paus, wann Dir dobaussen aktiv sidd.
- Passt op déi éischt Unzeeche vu Middegkeet, Schwindel oder Kappwéi op.
Senioren: besonnesch gutt Uecht ginn
Eeler Leit sinn de Gefore vun der Hëtzt méi staark ausgesat, besonnesch, well si heiansdo manner Duuscht verspieren oder hir Kierpertemperatur net esou effikass reegelen.
Mat e puer einfache Geste kënnen dës Risike reduzéiert ginn:
- Reegelméisseg drénken, och wann een net duuschtereg ass.
- D’Wunneng esou kill wéi méiglech halen.
- Deplacementer wärend deene wäermste Stonne limitéieren.
- Liicht a kamoud Kleedung droen.
- All Dag Kontakt mat engem Familljemember, engem Noper oder enger Persoun, déi engem nosteet, hunn.
Gutt ze wëssen:
Wärend Hëtzperioden gëtt zu Lëtzebuerg e gratis Iwwerwaachungssystem ugebuede fir vulnerabel Leit ze schützen. D’Rout Kräiz, d’Direktioun vun der Santé an d’COPAS garantéieren zesummen dëse Begleetservice fir Seniore vu 75 Joer a méi, déi alleng liewen oder eng limitéiert Autonomie hunn.
Hausdéieren: Och si musse geschützt ginn
Och Hënn, Kazen an aner Hausdéiere reagéieren empfindlech op grouss Hëtzt. Hei kann et séier zu engem Hëtzschlag kommen, wann een net e puer Virsiichtsmoossnamen ergräift.
Fir datt et hinne gutt geet:
- Suergt dofir, datt si ëmmer Zougang zu frëschem Waasser hunn.
- Stellt hinnen eng gutt gelëfte Plaz am Schied zur Verfügung.
- Gitt am beschte moies fréi oder owes mat hinne spadséieren.
- Vermeit waarm Biedem, op deene si sech ënner de Patte verbrenne kënnen.
- Loosst en Déier ni eleng am Auto, och net mat enger oppener Fënster.
- Leet e fiicht Duch op strateegesch Plaze vun hirem Kierper wéi Broscht, Patten, Bauch, fir si ofzekillen.
E puer Warnzeechen:
Bei de Kanner, Erwuessenen oder Seniore kënne verschidde Symptomer op en Hëtzschlag hindeiten:
- héicht Féiwer,
- waarm an dréchen Haut,
- Kappwéi,
- Schwindel,
- Iwwelzegkeet,
- Duercherneesinn,
- Schwaachfalen.
Bréngt d’Persoun am Zweiwelsfall op eng kill Plaz, killt se no an no of, gitt hir ze drénken, wa se bei Bewosstsinn ass, a kontaktéiert séier de Rettungsdéngscht (112).
Wéi hält ee seng Wunneng kill?
Bei enger Hëtztwell ass et wichteg, dofir ze suergen, datt net ze vill Hëtzt an Är Wunneng erakënnt. Mat e puer einfache Geste bleift Äert Wunnëmfeld méi agreabel:
- Loosst daagsiwwer d’Rolllueden, d’Storen an d’Riddoen zou, fir datt d’Hëtzt net erakënnt.
- Maacht d’Fënstere moies fréi op, fir ze lëften, an dann nees owes, wann et méi frësch ass.
- Benotzt e Ventilator oder eng Klimaanlag, wann Dir eng hutt, evitéiert awer ze vill grouss Ënnerscheeder mat der Temperatur dobaussen.
- Wann et am wäermsten ass, verzicht am beschten op Apparater, déi de Raum ophëtzen, wéi z. B. de Schäffchen, d’Kachmaschinn oder den Trockner.
- Notzt wa méiglech déi killste Raim vun Ärer Wunneng, fir ze raschten.
Nëtzlech Tipps fir Familljen
Entdecken
