Preparéiert Är Zukunft mat easyLIFE Pension vu LALUX: Steierreduktiounen, flexibelt Spuere schonn ab 25 €/Mount, garantéiert Kapital oder dynamesch Placementer. Erhaalt Äre Liewensstandard an der Pensioun, ganz einfach!
Wat d’Liewenserwaardung méi héich gëtt, wat och d’Suergen ëm d’Entwécklung vum staatleche Pensiounssystem klammen. D’Finanzéierung vun de Pensiounen ass zu enger ëffentlecher Debatt ginn. Déi Perte de revenu déi bei Rentenalter besteet wäert an Zukunft also nach daitlech an d’Luucht goen. Et ass also essentiell Är Pensioun adequat virzebereeden. Hei sinn e puer wichteg Punkten, déi ze berécksiichtege sinn, fir Iech eng gutt finanzéiert Pensioun opzebauen.
Mat engem perséinleche Pensiounsplang kënnt Dir all Joer bis zu 3 200€ u Primmen als Dépense Spéciale an Ärer Steiererklärung ofsetzen. Dës Primme reduzéieren Äert besteierbaart Akommes. Dat heescht, Dir profitéiert wärend der Dauer vun Ärem Kontrakt all Joer vun enger substanzieller Steierreduktioun. Also firwat net haut d’Liewe genéisse mat engem gudde Restaurant oder engem Familljentrip wärend Dir gläichzäiteg fir Är Pensioun virsuergt?
Fänkt elo un ze spueren! Wat Dir Är Pensioun méi fréi virbereet, wat de Montant vum gespuerte Kapital zum Schluss méi héich ass. Dir kënnt an Ärem eegenen Tempo a jee no Äre finanzielle Kapazitéite spueren. Dir kënnt schonn ab 25€ pro Mount e Kontrakt maachen an d’Primmen upasse wann Dir wëllt.
Maacht de richtege Choix mat easyLIFE Pension vu LALUX. Hei kënnt Dir tëschent 2 Formele wielen :
- D’Formel Sécurité ass e klassesche Pensiounsplang mat garantéiertem Rendement an engem Mindestzënsaz fir Äert Kapital esouwéi der Méiglechkeet vun enger Gewënnbedeelegung.
- Op der anerer Säit ass d’Formel Performance: e Pensiounsplang bei dem Äert Kapital a Fongen investéiert gëtt. Dir wielt selwer déi Strategie, déi am beschte bei Iech passt: e méi héije Wuesstumsniveau mat méi Risiko oder eng méi konstant Akkumulatioun.
Iwwerzeegt?
Da berechent elo Äre Steiergewënn mam Simulator op der Websäit vu LALUX. Mat just e puer Klicks kritt Dir eng Schätzung iwwer Äre Steiergewënn mat easyLIFE Pension.
Wann Dir an Ärem Choix wëllt begleet ginn, kontaktéiert e LALUX Agent. Mat him zesumme kënnt Dir Är perséinlech Situatioun aschätzen an déi bescht Léisung fir Är individuell Besoinen fannen.

