Infoen & Tools/Simulatoren/Simulator Pensioun

Simulator steierlech Virdeeler Pensiounsversécherung

Berechent Är steierlech Virdeeler bei enger Pensiounsversécherung

Jonggesell/-in
Bestuet / Gepacst
Min: 300 €/Joer/Persoun, max: 3.200 €/Joer/Persoun
Zuel vu Kanner : 0/10

Geschätzte Steiergewënn

DISCLAIMER

D'Resultater gi vun engem vereinfachte Simulator generéiert. D'Evaluatioun baséiert op den Elementer, déi de Versécherungskandidat a Bezuch op seng Situatioun an op de/d'Liewensversécherungskontrakt(er), deen/déi hien eventuell bei LA LUXEMBOURGEOISE-VIE SOCIÉTÉ ANONYME D’ASSURANCES ofschléisse wëll, ugëtt.
Dës Evaluatioun berücksichtegt net seng perséinlech Gesamtsituatioun; déi ugewise Beträg sinn deemno nëmmen d'Resultat vun enger partieller Vue vum Versécherungskandidat senger Situatioun.

D'Bereetstellung vun dësem Instrument ass eleng drop ausgeriicht, dem Versécherungskandidat en éischten approximativen Iwwerbléck iwwer de méiglechen Impakt vum Ofschloss vun dësem/dëse Liewensversécherungskontrakt(er) op d'Berechnung vu senge Steieren op der Basis vun der Reglementatioun, déi zum 01.01.2025 a Kraaft ass, ze ginn.
Et gëtt net garantéiert, datt déi berechent Beträg exakt sinn; si déngen ausschliisslech als éischt Indikatioun.
D'Benotze vum Simulator kann d'Berodung duerch e Fachspezialist net ersetzen. Dës Berodung gëtt op alle Fall recommandéiert, ënner anerem fir d'perséinlech Gesamtsituatioun vum Versécherungskandidat a Bezuch op déi gülteg rechtlech Virschrëften, déi sech ännere kënnen, iwwerpréiwen ze loossen.

LA LUXEMBOURGEOISE-VIE SOCIÉTÉ ANONYME D’ASSURANCES iwwerhëlt am Zesummenhang mat der Bereetstellung vum Simulatiounsinstrument fir d'Steierberechnung keng Verantwortung fir direkt an/oder indirekt Schied, déi mat der Benotzung vun dësem Instrument verbonne sinn. D'Elementer, déi sech duerch d'Benotzung vum Simulator erginn, kënnen net mat enger Opfuerderung oder enger Recommandatioun, fir e Liewensversécherungskontrakt ofzeschléissen, gläichgestallt ginn. Et steet dem Versécherungskandidat komplett fräi, den Ofschloss vun engem Versécherungskontrakt ze akzeptéieren oder ze refuséieren.