Infoen & Tools / FAQ / Ass eng Assurance fir Haus a Wunneng obligatoresch?

Ass eng Assurance fir Haus a Wunneng obligatoresch?

D'Gesetz schreift net vir, datt een eng Assurance fir säin Haus oder seng Wunneng ofschléisse muss. Et gëtt awer staark recommandéiert, seng Wunneng a seng perséinlech Géigestänn ze versécheren, fir am Fall vun engem Schued net virun engem finanziellen Ofgrond ze stoen. Dacks verlaangt och Är Bank esou eng Assurance, fir e Prêt ofzesécheren.