Infoen & Tools / FAQ / Duerch eng Waasserinfiltratioun ass e grousse Schued um Plaffong vu menger Stuff entstanen. Kann ech dee selwer reparéieren?

Duerch eng Waasserinfiltratioun ass e grousse Schued um Plaffong vu menger Stuff entstanen. Kann ech dee selwer reparéieren?

Dir kënnt d'Reparaturaarbechte selwer maachen. Dir braucht dofir nëmmen den Accord vun Ärem Assureur, deem et virun allem dorëm geet, datt d'Aarbechte professionell ausgefouert ginn. Dofir gëtt an der Reegel en Expert oder Inspekter vun der Assurance op d'Plaz geschéckt, fir sech e Bild vum Ausmooss vun de Schied a vum Ëmfang vun den Aarbechten ze maachen. Wann Dir d'Reparature selwer maacht, rembourséiert d'Assurance Iech d'Material, dat Dir benotzt hutt, an accordéiert Iech och e Forfait fir Är Aarbecht.