Infoen & Tools / FAQ / Ech hunn eng Téitsch a mäin Auto gemaach, a meng Kasko-Versécherung ass dofir opkomm. Wéi en Afloss huet dat op mäi „Bonus”?

Ech hunn eng Téitsch a mäin Auto gemaach, a meng Kasko-Versécherung ass dofir opkomm. Wéi en Afloss huet dat op mäi „Bonus”?

D'Opkomme fir e Schued, deen ënner „Materialschied” fält a keng Interventioun fir eng Drëttpersoun erfuerdert, huet keen Afloss op Äre „Bonus”. Dat ass e spezielle Virdeel, dee LALUX hire Versécherte bitt.

De „Malus” gëtt nëmmen dann ugerechent, wann d'Auto-Haftflicht an d'Spill kënnt. Déi meeschten Assurancen um Maart si vill manner nosiichteg an applizéieren och bei engem „Kasko”-Schued e „Malus”.