Infoen & Tools / FAQ / Wat ass e „Constat à l'amiable”?

Wat ass e „Constat à l'amiable”?

De Constat à l'amiable ass en Dokument, dat de „Comité Européen des Assurances” ausgeschafft huet, fir d'Ofwécklung vun Autosaccidenter ze vereinfachen. En erméiglecht Iech, am Fall vun engem Schued, Är Meldeflichte mat engem eenzegen Dokument ze erfëllen.

De Constat à l'amiable ass en onwidderrufflecht offiziellt Dokument. Soubal e vun de Chaufferen, déi an den Accident verwéckelt waren, ënnerschriwwen ass, däerf en net méi geännert ginn. D'Assureure leeën d'Responsabilitéiten op der Basis vun de Renseignementer aus dem Constat fest.

Bestitt drop, datt de Constat à l'amiable direkt op der Plaz vum Accident ausgefëllt gëtt. Och wann Dir net vill Zäit hutt, verschiibt dës wichteg Handlung net op e spéideren Datum. Deen anere Chauffer kéint seng Meenung änneren, an da gëtt et schwéier, d'Situatioun an d'Scholdfro richtegzestellen. En onvollstännege Constat ass ëmmer nach besser ewéi guer keen.