Infoen & Tools / FAQ / Wat ass easyAPP Home?

Wat ass easyAPP Home?

easyAPP Home ass den Numm vun deem neie perséinleche Clientsberäich, dee LALUX all hire Privatcliente vun enger vun den Entitéiten vum Grupp LALUX ubitt: LALUX Assurances, LALUX Assurances-Vie an DKV Luxembourg.

An dësem Beräich fannt Dir vill praktesch Funktiounen, déi Dir ganz einfach a sécher notze kënnt: Schied um Auto oder an der Wunneng mellen a suivéieren, de Remboursement vun Dokteschkäschten ufroen, wichteg Dokumenter eroflueden (Versécherungsbedéngungen, Steiercertificaten, Attestatiounen, Rechnungen asw.), Assistance-Servicer, Rechnunge bezuelen, Ären Agent kontaktéieren asw.

easyAPP Home ass d'Desktop-Versioun vun easyAPP, der mobiller Applikatioun vum Grupp LALUX, déi fir Android an iOS verfügbar ass. Dank dem „responsive design” kann easyAPP Home awer och um Smartphone benotzt ginn.