Infoen & Tools/FAQ/Wéi eng technesch Konfiguratioune sinn néideg, fir mech bei easyAPP Home anzeloggen?

Wéi eng technesch Konfiguratioune sinn néideg, fir mech bei easyAPP Home anzeloggen?

De Clientsberäich (wéi iwwregens de ganzen ëffentlechen Internetsite) vu LALUX Assurances gouf un d'Besoinen an d'Erwaardunge vun de moderne Clienten ugepasst. Onofhängeg vum Betribssystem, der Browser-Versioun (IE 8 oder méi héich), der Bildschiermopléisung oder dem Typ vun Terminal, deen Dir benotzt, kënnt Dir ëmmer vu sämtleche Funktioune vun easyAPP Home profitéieren.

Egal ob Dir um Smartphone oder um Tablet, op Mac oder op PC schafft, de „responsive design” garantéiert ëmmer en Affichage, dee fir Äre Bildschierm optimiséiert ass, an domat och eng exzellent Visibilitéit.