Infoen & Tools / FAQ / Wéi kann ech mech bei LALUX easyAPP aloggen?

Wéi kann ech mech bei LALUX easyAPP aloggen?

Éier Dir Iech alogge kënnt, musst Dir fir d'éischt e Kont ariichten.
Soubal de Kont ageriicht ass, kënnt Dir Iech aloggen …:

  1. andeem Dir Är Login-E-Mail-Adress an Är Login-Handysnummer agitt
  2. andeem Dir den OTP-Code, dee per SMS op Äre Login-Handy geschéckt gouf, agitt

Fir d'Umeldung ze vereinfachen, kënnt Dir Iech och iwwer de méi séiere Biometrie-Erkennungsmodus (Face ID, Print ID / Touch ID) aloggen, deen Dir bei Ärer éischter Umeldung aktivéiert hutt. Mir kënnen Iech dat nëmme recommandéieren, fir datt Dir vun engem däitlech méi séieren Zougang profitéiere kënnt.

Bei deenen zwou Umeldungsmethoden ass eng héich geséchert Connexioun garantéiert.