Infoen & Tools / FAQ / Wien entschiedegt d'Affer vun engem Verkéiersaccident, wann ee vum verantwortleche Chauffer kee Schuedensersatz fuerdere kann?

Wien entschiedegt d'Affer vun engem Verkéiersaccident, wann ee vum verantwortleche Chauffer kee Schuedensersatz fuerdere kann?

Wann et am Grand-Duché zu engem Accident duerch en net identifizéierten Auto kënnt oder wann d'Haftflicht net ofgedeckt ass, kënnen d'Affer a seng Rechtsnofollger beim „Fonds Commun” hir Uspréch op Entschiedegung vu kierperleche Schied geltend maachen.

De „Fonds Commun de garantie automobile” gouf duerch d'Gesetz vum 16. Dezember 1963 gegrënnt. An dësem Fong sinn obligatoresch all d'Assurancëgesellschaften zesummegeschloss, déi zu Lëtzebuerg eng Autorisatioun hunn, fir Assurancë géint Accidenter ofzeschléissen, déi duerch Gefierer bei Drëttpersoune verursaacht ginn.