Infoen & Tools / Aktuelles / 2022 / Keng Limitte méi an der Iwwerschwemmungsgarantie vun easyPROTECT Haus a Wunneng
  • easyPROTECT Habitation

    Entdecken

    Keng Limitte méi an der Iwwerschwemmungsgarantie vun easyPROTECT Haus a Wunneng

    An de leschte Joren huet eist Land ëmmer méi ënner uerge Wiederkonditioune gelidden. De Risiko op ee Coup alles ze verléieren wat Iech wichteg ass, ass doduerch enorm geklommen. Dofir bitt LALUX zanter 2017 eng Versécherung fir Iwwerschwemmungen un. 

    Zënter 2022 huet d'LALUX d'Interventiounsgrenzen opgehuewen, déi virdurn an der Iwwerschwemmungsgarantie vuneasyPROTECT Haus a Wunneng virgesinn waren. 

    Konkret ?

    Egal ob Dir an enger Iwwerschwemmungszone wunnt oder net, Är verséchert Iwwerschwemmungsschied gi vun elo un zur Héicht vun Ärer Versécherungszomm vun Ärer Immobilie an Äre Miwwelen ofgedeckt. 

    Dank der Iwwerschwemmungsgarantie sidd Dir optimal geschützt am Fall vun:

    1. Iwwerlafe vu Waasserleef
    2. Réckstau oder Iwwerlafe vun der Kanalisatioun
    3. Usammele vu Reewaasser
    4. Äerdrutschen an Äerdsenkungen