Produit Neiegkeeten verëffentlecht den 20.04.2026

Lancement vum neie Produit easyPRO Cyber

Infoen & Tools/Aktuelles/Lancement vum neie Produit easyPRO Cyber
  • easyPRO Cyber

    Entdecken

    Schützt Är Entreprise viru Cyberattacke

    An engem Kontext, an deem et ëmmer méi heefeg zu Cyberattacke kënnt, hu mir eis Gamm vu Produite mat easyPRO Cyber beräichert. Dëse Produit gouf fir Entreprisen, Fräiberuffler, Independanten an och Administratiounen entwéckelt a soll hinnen hëllefen, déi mat Cyberattacke verbonne Risiken, déi fir all d’Ariichtungen zu enger grousser Erausfuerderung gi sinn, fréizäiteg ze erkennen a besser ze geréieren.

    Dës Offer bitt de passende Versécherungsschutz, deen och Schutzmoossnamen am Virfeld genee ewéi Tools a Recommandatioune fir d’Verstäerkung vun der Sécherheet vun Äre Systemer ëmfaasst. Wann et zu engem Virfall kënnt, gëtt eng speziell Begleedung en place gesat, fir déi operational a finanziell Konsequenzen ze geréieren, d’Intervenanten ze koordinéieren an d’Aktivitéit séier nees un d’Lafen ze kréien.

    Mat dësem Lancement gi mir op déi nei Besoine vu professionelle Clienten am Beräich vun der Cybersécherheet an a bidden e Produit un, dee mat der Evolutioun vun den digitale Risike Schrëtt hält.