Infoen & Tools / Aktuelles / Auszeechnung mam Label ESR – Nohalteg Entreprise
  • Nohalteg Entwécklung

    entdeckt d'Artikelen

    Auszeechnung mam Label ESR – Nohalteg Entreprise

    Den Institut National pour le Développement Durable et la RSE (INDR) ass en Haaptacteur, wat déi sozial Verantwortung vun den Entreprisen (Responsabilité Sociale des Entreprises – RSE) zu Lëtzebuerg betrëfft. Zousätzlech zu der Promotioun vun der RSE, begleet a beréit d’Institut Entreprisen dës ëmzesetzen an ass e wäertvolle Kompetenzzentrum an dësem Beräich.

    De Label ESR – Nohalteg Entreprise ass eng Auszeechnung, déi et erlaabt sech vun aneren Entreprisen ze ënnerscheeden, an déi de Bäitrag vun enger Entreprise zur nohalteger Entwécklung ervirhieft an déi gemeinsam Wäertschafung bestätegt. Den INDR honoréiert esou déi gutt Praktiken an accordéiert konkret Virdeeler.

    Den 22. Dezember 2022, hunn déi 3 Entitéite vum Grupp LALUX, nämlech LALUX Non-Vie, LALUX-VIE an DKV Luxembourg, den ESR-Label fir eng Dauer vun 3 Joer kritt.

    Nieft de Verflichtungen an Efforten am Beräich vun der RSE, fir déi sech de Grupp engagéiert, esou wéi engem reegelméissege Reporting, zu der e sech verflicht huet, sinn d’Virdeeler vun dëser Auszeechnung villfälteg:

    • Strukturéieren, Formaliséieren an d’Engagementer vun den Dirigents d’entreprises a punkto RSE wäertschätzen
    • Vun der Ënnerstëtzung vum INDR wärend der Dauer vun der Labelliséierung souwéi vun de Léisungen an Tariffer, déi op d’Gréisst vun der Entreprise an hir Aktivitéiten ugepasst sinn, profitéieren
    • Vun engem konkurrenzfäege Virdeel profitéieren
    • D’Energië mobiliséieren an déi ganz Entreprise motivéiere fir kontinuéierlech Verbesserungen an doduerch méi Wäert ze schafen
    • D’Widderstandsfäegkeet vun der Wäertschafungsketten, de Bäitrag zur nohalteger Entwécklung an de positiven Impakt vun der Entreprise verbesseren
    • D’RSE Engagementer valoriséieren an d’Positionéierung am Beräich vun der nohalteger Entwécklung festegen
    • Vertrauen a Glafwierdegkeet duerch déi vill objektiv Bewäertungskrittäre stäerken
    • Sécherstelle vun der Transparenz, déi eng Garantie vum Vertrauen ass
    • Den ESG-Ufuerderunge gerecht gi bei Ausschreiwungen um ëffentleche Marché an de Kafprozedure vun de B2B-Clienten.

    Mei gewuer ginn op:  https://indr.lu/fr/

    [Translate to Lëtzebuergesch:] label RSE

    RSE vu LALUX

    Eis RSE Strategie

    Eisen ekologesche Foussofdrock minimiséieren

    Wuelbefannen op der Aarbecht