Nei Autoscampagne
easyPROTECT Auto : Eng nei Campagne fir e Schutz, dee bei Iech passt
Pünktlech fir den Autofestival 2025 hu mir eis nei Campagne fir easyPROTECT Auto virgestallt, déi an Kollaboratioun mat der Agence VANKSEN ausgeschafft gouf. Modern an dynamesch weist dës Campagne d’Flexibilitéit an d’Personaliséierung vun eiser Autosversécherung, déi den Ufuerderunge vun all Chauffeur gerecht gëtt.
Egal ob Dir jonk a berufflech aktiv, als Famill ënnerwee oder e passionéierten Autosgeck sidd, easyPROTECT Auto passt sech Ärem Liewensstil un. Mat dëser Campagne ënnersträiche mir eisen Engagement, moossgeschneiderten Schutz fir jiddereen ubidden ze kënnen.
D’Visueller vun der Campagne illustréieren eng Diversitéit vu Profiller a Fuerstiler, a maach däitlech, dass mir de richtege Schutz fir all Chauffer ubidden. De Slogan «Äre Stil, Äre Choix. Eise Schutz.» verkierpert dësen individuellen Usaz.