An trotzdeem gutt verséchert sinn Wéi kënnt Dir manner Steiere bezuelen?
Steiere spueren
Privatclienten / Assurancen / Liewen / Steiere spueren

Steiere spueren

Zu Lëtzebuerg kënne verschidden Assuranceprimme vun de Steieren ofgesat ginn. Dir bezuelt esou manner Steieren op Äert Akommes, sidd awer gläichzäiteg besser verséchert.
Déi ofsetzbar Beträg vun Äre Primme ginn all Joer kloer um Steiercertificat, dee LALUX Iech am Laf vum Januar gratis zur Verfügung stellt, uginn.

Déi verschidde Méiglechkeeten

Assurancen: Liewen, Doud, Invaliditéit, Krankheet, Accident, Haftflicht, Risques Locatifs (L.I.R. Artikel 111)

E Salarié kann Assuranceprimme fir Kontrakter, mat deenen hie Liewen, Doud, Invaliditéit, Krankheet, Accident, Haftflicht a Risques Locatifs verséchert, ofsetzen. Den ofsetzbare Plafong läit bei maximal 672 € pro Member vum Stot.
Bei LALUX kënnt Dir deemno d'Primme vu follgenden Assurancen ofsetzen:
- easyPROTECT Accident
- Familljenhaftflichtversécherung
- easyPROTECT Auto - Haftflichtversécherung
- Gesondheetsversécherunge vun DKV Luxembourg
- Assurancë fir Liewen, Doud an Invaliditéit
- easyPROTECT Haus a Wunneng - Risques Locatifs

Reschtscholdversécherung

Mat der eemoleger Primm vun der Reschtscholdversécherung kënnt Dir vill Steiere spueren. Si ka komplett steierlech ofgesat ginn an deckt de Prêt fir de Kaf oder de Bau vun Ärem Haaptwunnsëtz of.

Wann Dir Iech fir eng Joresprimm decidéiert, kann dës am Kader vum Artikel 111 L.I.R (max. 672 € pro Joer a pro Member vun Ärem Stot) ofgesat ginn.

easyLIFE Pension - Prévoyance-Vieillesse (Artikel 111 bis)

Är Pensioun virbereeden a gläichzäiteg Är Akommessteier reduzéieren, dat ass méiglech mat easyLIFE Pension. De Betrag, dee maximal kann ofgesat ginn, läit bei 3.200 € pro Joer a pro Member vum Stot. Déi eenzeg Bedéngunge sinn, datt de Kontrakt op d'mannst iwwer 10 Joer leeft an datt säin Enn tëscht dem 60. an dem 75. Gebuertsdag vum Assuré läit.

Zousazpensiounsversécherung

Verschidden Employeuren hunn en Zousazpensiounssystem fir hir Employéen ageriicht. An deem Kader kënnt Dir d'Beträg, déi Är Entreprise virgesinn huet, duerch d'Abezuele vu perséinleche Cotisatioune vu bis zu 1.200 € d'Joer ergänzen. Dës Beträg reduzéieren direkt Äert besteierbaart Akommes. Dir profitéiert deemno all Mount vu méi niddrege Steieren, ouni op Är Steiererklärung waarden ze mussen.
Selbstverständlech kënnt Dir dëse Spuerplang mat easyLIFE Pension ergänzen, an dës Primme getrennt ofsetzen.

Informatiounsvideoen

Steierlech ofsetzbar Versécherungen

Steiercertificat an der easyAPP

Dokumenter

Lalux Document Img Alt

Steiere spueren

Profitéiert vun de Steiergewënn, déi eis Versécherungsléisunge bidden