Bauen a Renovéieren beinhalt och ëmmer Risiken. Dank enger ëmfaassender Versécherung steet Aprobat Iech wärend alle Phase vun Ärem Projet zur Säit.
Dir wëllt en Haus bauen, Äert Doheem renovéieren oder ëmbauen?
Mat enger Tous Risuqes Chantier vun APROBAT verséchert Dir Äre Bauprojet vun Ufank un.
Dir schützt Iech also wärend der Bauphas géint déi finanziell Konsequenze vu Bau- oder Materialschied, Déifställ an deene Schied, déi Är Baustell bei Ären Noperen verursaache kann.
Dës Versécherung verhënnert och de Stëllstand vun Ärem Chantier am Fall vun engem Schued.
Doriwwer eraus kann Ären Neibau mat der 10-Jores-Haftflicht, also der RC Decennale, optimal ofgeséchert ginn:
- Ingenieuren a spezialiséiert Mataarbechter féiere reegelméisseg technesch Baukontrollen duerch
- Verséchert Schied gi séier ofgewéckelt
- Äre Schued gëtt och dann indemniséiert, wann den Entrepreneur faillite ass
Wichteg ass et, dass Dir d’Versécherung virum Ufank vun de Bauaarbechten ofschlésst!
Mir beroden Iech gär.
Assurancë fir de Bau
EntdeckenAPROBAT Versécherungen
Devis ufroen