Haus & Wunnen ・ verëffentlecht den 09.10.2026

Hausversécherung zu Lëtzebuerg : de komplette Guide fir dee richtege Choix ze maachen

Blog/Hausversécherung zu Lëtzebuerg : de komplette Guide fir dee richtege Choix ze maachen

[Translate to Lëtzebuergesch:] Notre habitation, notre cocon, notre chez-nous, notre nid douillet, tant d’appellations qui nous font tout de suite nous sentir bien. Cependant, les risques d’incendie, de dégât des eaux ou même de vol ne sont pas rares. Pour y être complétement serein, il est important d’être bien couvert grâce à une assurance Habitation. Si elle n’est pas obligatoire, elle est fortement recommandée et souscrite par la grande majorité. Pour vérifier votre niveau de couverture, parcourez la check-list de la bonne assurance Habitation.

  • Präventioun doheem: Tipps a Rotschléi

    Elo entdecken

    easyPROTECT Haus a Wunneng

    Entdecken

    1. Schützt Iech virun deene wichtegste Risiken

    Et ass staark unzerode säin Doheem géint déi zu Lëtzebuerg gängegst Risiken ofzesécheren: Feier, Waasserschied, Déifstall, Onwieder, Iwwerschwemmungen, Glasbroch oder nach elektresch Schied a Schied un Haushaltsgeräter. 

    Déi meescht Assureure proposéiere Versécherungsformulen, déi déi ënnerschiddlech Risiken aschléissen. Esou bitt Iech zum Beispill easyPROTECT Haus a Wunneng 3 Formulen, déi Dir individuell zesummestellen an esou Är Couverture no Äre Besoine personaliséiere kënnt. 

    2. Als Locataire oder Proprietär

    Egal ob Dir Locataire oder Proprietär vun engem Appartement oder engem Haus sidd, Dir sollt Äert Doheem beschtens ofsécheren. 

    Als Locataire ass et wichteg Är Miwwelen an Ariichtung ze versécheren. Ausserdeem kënnt et dacks vir, dass de Proprietär esou eng Versécherung verlaangt. Hie kann och e Recours géint Iech aleeën, wann Dir un eventuelle Schied um Gebai responsabel sidd. 

    Fir Proprietären ass et och recommandéiert eng Assurance fir Gebaier, déi verlount ginn, ofzeschléissen. Tatsächlech leie verschidde Risiken an der Verantwortung vum Besëtzer, an net vum Locataire: informéiert Iech fréizäiteg a loosst Iech vun Ärem Agent beroden! 

    3. Vergläicht d’Offeren

    Och wann de finanziellen Aspekt wichteg ass, vergiesst net och aner Elementer (Ofdeckungen a Limitten) mat a Betruecht ze zéien, wann  Dir de Choix vun Ärer Versécherung maacht. Am Fall vun engem Schueden kann eng Formule mat méi niddereger Primm sech als méi deier erweisen, wéi eng Formule, wou de Präis vläicht manner attraktiv wierkt, d’Ofdeckungen awer méi komplett sinn. 

    Jidderee soll sech d’Liewe sou einfach wéi méiglech kënne maachen. Dofir bitt LALUX easyPROTECT un: e Kontrakt an dem Dir all Är Haaptversécherunge kënnt regroupéieren. Esou hutt Dir eng kloer a präzis Iwwersiicht iwwer  d’Couverture vun Ärer Famill. Zousätzlech profitéiert Dir och vun enger Reduktioun vu 50 € pro Wunneng/Haus a vu bis zu 100 € pro Auto mat KASKO-Versécherung.

    4. Verhënnert d’Ënnerversécherung

    Loosst den Agent vun Ärem Vertrauen de Wäert vun Ärer Immobilie festleeën. Déi verséchert Zomme ginn dobäi op Basis vu fundéierte Schätzunge virgeholl an Dir verhënnert  esou eng Ënnerversécherung am Schuedensfall. 

    5. Denkt drun Äre Mobilier z’evaluéieren

    Versécherungstechnesch gëllen als Mobilier all d’Miwwelen, déi an Ärem Doheem sinn an zum Haushalt gehéieren. Dozou gehéieren niewent de Miwwelen als solches och Är ageriichte Kichen, d’Haushaltsgeräter, Dekoartikelen, Kleeder, Laptop, Smartphone, ... Fir dass d’Versécherungszomm dem tatsächleche Wäert vun Ärem Mobilier entsprécht an Dir esou béis Iwwerraschungen am Fall vun engem versécherte Schued verhënnert, musst Dir sécher goen, dass Dir alles bewäert. Wann Dir Affer vun engem Abroch sidd, kënnen emol Äre Fernsee a Bijoue geklaut oder Är Miwwele beschiedegt ginn. Dir kritt da vun der Versécherung de Montant op Basis vun der an de Conditions Particulières vun Ärem Kontrakt festgehalener Versécherungszomm rembourséiert.

    Schätzt d'Versécherungszomm fir äre Mobilier mat eisem interaktiven Rechner.

    6. Dir hutt e (Ëm-)Bauprojet en vue ? Verséchert Iech vun Ufank un

    Egal ob Renovatioun, Ëmbau oder Neibau – den Erfolleg vu sou engem Projet hänkt haaptsächlech vun enger gudder Virbereedung of. D’Bauversécherunge sécheren Äre Chantier beschtens of an dat wärend der Dauer vun den Aarbechten an nach 10 Joer no hirem Ofschloss. Zousätzlech gi reegelméisseg Kontrolle vun APROBAT Spezialisten duerchgefouert, fir déi fachgerecht Bauausféierung z’iwwerpréiwen an d’Qualitéit vun den Aarbechten ze garantéieren.

    Opgepasst, Dir musst dës Versécherung virum Ufank vun de Bauaarbechten ofschléissen! 

    7. Schützt Är Investitioun mat der Reschtscholdversécherung

    Wann Dir um Punkt sidd fir en Immobiliëkredit ofzeschléissen, dann hutt Dir bestëmmt och scho vun der Reschtscholdversécherung héieren! Dës gëtt ganz oft vun de Banke gefrot a si erméiglecht et Är Famill viru finanzielle Risiken ze schützen. 

    Tatsächlech ass d’Zil vun dëser Versécherung d’Kapital am Fall vum Doud ze rembourséieren. Am Allgemengen entsprécht dëst Kapital dem Montant vum Prêt a verréngert sech wärend der Dauer vum Kontrakt. Se kann och duerch eng Zousazgarantie komplettéiert ginn, déi dat verséchert Kapital am Fall vun Invaliditéit rembourséiert. 

    Vergiesst net, dass d’Reschtscholdversécherung steierlech ofsetzbar ass ! 

    8. Wielt eng vertrauenswierdeg Versécherungsgesellschaft

    Fir säin Doheem ze versécheren, ass et essentiel eng Versécherungsgesellschaft ze fannen, déi komplett an op Är Besoinen ugepasste Produiten ubitt. Vertraut enger renomméierter a vun hire Clienten unerkannter Gesellschaft: eng Rei onofhängeg Studien, wéi déi vun Ilrès zum Beispill, ginn objektiv Indikatiounen iwwer d’Bewäertung vun enger Gesellschaft duerch hir Clienten. Laut enger interner Studie iwwer d’Zefriddenheet sinn 97% vun de LALUX-Clienten zefridde mat der Gestioun vun hire Schied. 

    9. Ären Agent ass ëmmer fir Iech do

    Schlussendlech bleift nach ze soen, dass Dir Iech vun engem Agent begleede loosse sollt. Hien ass den Expert a sengem Domän a kennt all d’Versécherungsproduiten. Zesumme mat Iech fënnt hien déi Léisung, déi Äre Bedierfnesser entsprécht. Och am Schuedensfall ass hie fir Iech do an hëlleft Iech bei allen noutwendegen Demarchen. 

    Präventioun doheem: Tipps a Rotschléi

    Elo entdecken

    easyPROTECT Haus a Wunneng

    Entdecken