Mat enger adequater Präventioun an deene richtege Reflexer kéinten Hausbränn a ville Fäll verhënnert ginn. Wann d’Feier sech awer ausbreet, ass eng direkt Evakuatioun onëmgänglech. Wat ass an deem Fall ze maachen, fir Är Sécherheet an déi vun Äre Léifsten ze garantéieren?
Zu Lëtzebuerg rett de Corps Grand-Ducal d’incendie et de secours (CGDIS) all Joer vill Liewen. 2024 hunn d’Pompjeeën 2.764 ënnerschiddlech grouss Bränn bekämpft; dat si 7 bis 8 Ausbréch den Dag. Daagsiwwer an och nuets wiessele ronn 4.000 Fräiwëlleger sech am ganze Land of, fir am Fall vun enger Gefor ze intervenéieren, sief et fir d’Liewe vu Mënschen oder Déieren oder awer eis Ëmwelt ze schützen.
Elektresch Installatiounen an Heizungssystemer
Bränn am Haus si relativ heefeg, kéinten awer dacks verhënnert ginn. Ursaache ginn et der vill, dorënner besonnesch elektresch Installatiounen, déi vereelzt oder schlecht agestallt sinn:
Entspriechen Är elektresch Installatiounen den aktuelle Reglementatiounen, Geneemegungen, Gesetzer a Virschrëften?
An der Reegel gëtt fir en Neibau, bei gréissere Renovatiounen oder engem neien Uschloss e Konformitéitscertificat vun engem agreéierte Kontrollorganismus ausgestallt. Wann Dir keen esou e Certificat hutt oder wann e ganz al ass, da kënnt Dir en agreéierten Elektriker kontaktéieren, deen Är Installatioun iwwerpréift.
Sinn Är elektresch Apparater gëeegent fir d’Manéier, wéi Dir se benotzt? Si se an engem gudden Zoustand?
Weider Tipps am Beräich vun der elektrescher Sécherheet fannt Dir um Site vu Creos Luxembourg. Och wat Är Heizungsanlag, ugeet, ass e reegelméissegen Entretien vun engem agreéierte Fachmann immens wichteg. Zu Lëtzebuerg sinn iwwregens periodesch Kontrollen obligatoresch, fir den Ausstouss vu Schuedstoffer ze limitéieren an d’Sécherheet vun de Verbrennungsanlagen ze garantéieren. Fir d’Kontrolle gëllen déi follgend Ofstänn:
- all 2 Joer fir eng Holzchaudière oder en Uewen, deen un den Heizungscircuit ugeschloss ass
- all 2 Joer fir eng Mazoutschaudière
- all 4 Joer fir eng Gaschaudière
Weider Informatioune fannt Dir um Portail de l’Environnement, wou déi eenzel Anlagen an déi applikabel Reglementer detailléiert ginn.
Onverzichtbar Ekipementer
Ënner den Ekipementer, déi Är Sécherheet doheem garantéieren, sinn d’Dampmelder déi Geräter, déi d’Hausbewunner séier duerch en akustescht Signal warnen, soubal eng anormal Dampentwécklung festgestallt gëtt. Besonnesch an der Nuecht spille si eng wichteg Roll. Si rappen Iech am Fall vun engem Problem aus dem Schlof an hëllefen esou, d’Gefor vun enger Vergëftung ze reduzéieren.
Zanter dem 1. Januar 2023 sinn d’Dampmelder an alle Gebaier, an deene sech op d’mannst eng Wunneng befënnt, obligatoresch. Et ass wichteg, reegelméisseg ze kontrolléieren, datt si funktionéieren, an d’Batterien ze ersetzen, soubal dat néideg ass.
Dampmelder kann een an engem Baumaart, engem Supermarché, engem Fachgeschäft oder online kafen. Fir d’Zouverlässegkeet vum Gerät ze iwwerpréiwen, gitt drop Uecht, datt et der europäescher Norm EN 14604 entsprécht. Fir d’Dampmelder ze installéieren, soll ee sech am beschten un en Elektriker wenden, deen d’Melder och un Är Alarmanlag uschléisse kann. Bei engem Neibau gesäit de Promoteur dës Installatiounen direkt bei der Konzeptioun vum Projet vir.
Aus Virsiichtsgrënn gëtt och geroden, een oder e puer Feierläscher an eng Feierläschdecken, och Brandschutzdecke genannt, bei sech doheem ze hunn. Leet dës Ekipementer op eng gutt zougänglech Plaz, no bei eventuell Feierquellen (zum Beispill an d’Kichen).
Verhalensreegelen am Alldag
Am Alldag gëtt geroden, e puer Verhalensweisen, déi mat Gefore verbonne sinn, ze evitéieren.
- Fëmmerten: Fëmmt ni am Bett a passt gutt op, Är Zigarette gutt auszedrécken, éier Dir se ewechgeheit
- Käerzen: Stellt se op e stabillen Ënnergrond, fänkt se net an der Géigend vu brennbare Materialer un a maacht se aus, wann Dir de Raum verloosst
- Kanner: Suergt dofir, datt déi Kleng net u Briqueten a Fixspéin erukommen
- Grillen: Benotzt ni Alkohol, fir e Grill unzefänken oder nees unzefachen
- Brennbar Flëssegkeeten a Produiten: Stockéiert se an engem gutt gelëfte Raum wäit vu Wäermequellen ewech a gitt virsiichteg domadder ëm
- Gas: Lëft déi Raim gutt, an deene Gasgeräter bedriwwe ginn
- Kichen: Bleift ëmmer an der Géigend vun Iessen, dat op der Kachplack steet
- Elektresch Apparater:
- Loosst se net am Stand-by-Modus, wann Dir se net benotzt
- iwwerlaascht d’Multiprisen net
- evitéiert, brennbar Materialer an d’Géigend vu Stroum- oder Wäermequellen ze stellen
- Wäsch: Dréchent Är Wäsch net op den Heizkierperen a stëbst reegelméisseg dat hënnescht Gitter vun Ärem Trockner an Ärer Wäschmaschinn
Präventioun ronderëm d’Haus
Et ass wichteg, d’Beplanzung an d’Vegetatioun ronderëm d’Haus ze fleegen, fir datt se net ze üppeg wiisst. Am Fall vu grousser Hëtzt oder Dréchent kéinte si eng Gefor duerstellen. Huelt d’Gestrëpp ewech, schneit Hecken a Beem zeréck an eliminéiert Verdréchentes, wéi zum Beispill doudeg Blieder.
Stockéiert Äert Brennholz an engem gëeegente Raum, wa méiglech e bësse méi wäit vun Ärem Haus ewech.
Maacht Är hëlze Gaardemiwwele feierfest a bréngt all brennbar Produiten op enger feiersécherer Plaz ënner.
Suergt dofir, datt d’Zougäng vu baussen zu Ärem Haus fräi sinn, fir datt Rettungsdéngschter gutt bäikommen.
Stellt en Evakuatiounsplang op
Am Noutfall séier den Ausgang fanne kann ënner Ëmstänn ganz schwéier sinn. Am Viraus en Evakuatiounswee festzeleeë kann Äert Liewen an dat vun Äre Léifste retten. An de Residenze sinn Evakuatiounspläng an Noutausgäng virgesinn: Huelt Iech Zäit, fir Iech se genee unzekucken an anzeprägen.
Wann Dir an engem Eefamilljenhaus wunnt, da stellt mat all de Bewunner zesummen en Haaptevakuatiounsplang op an en alternative Wee, fir de Fall, wou deen éischten net accessibel wier.
Ausbroch vum Feier
Wann e Feier eréischt am Ufanksstadium ass, kann ee probéieren, et ze läschen, fir datt et sech net weider ausbreet, virausgesat, Dir bréngt Iech domat net a Gefor.
Fir en entsteeënde Brand ze läschen, mussen awer déi richteg Mëttel agesat ginn. Et dierf een zum Beispill ni Waasser op brennend Fett (Kachueleg, Frittéierfett asw.) schëdden. Wann d’Waasser nämlech a Kontakt mat ganz waarmem Ueleg kënnt, verdämpt et direkt, hëlt explosiounsaarteg e grousse Volume un a schleidert dat brennend Fett an all Richtungen. Dat kann zu enger hefteger Stéchflam féieren. Et gëtt geroden, d’Sauerstoffzufuhr ze ënnerbriechen, andeem een de Behälter mam brennende Fett zum Beispill mat engem Metalldeckel oder enger Läschdecken ofdeckt.
Opgepasst! Och wann et schéngt, wéi wann d’Flame geläscht wieren, rufft systematesch den 112 un. E Feier ka weider aktiv sinn, ouni datt een dat gesäit. De CGDIS ka mat Wäermebildkameraen dës verstoppte Plazen, op deenen et weiderbrennt, detektéieren.
Onkontrolléierbaart Feier
Wann een d’Feier net an de Grëff kritt, muss direkt evakuéiert ginn. Et bleiwen Iech dann ongeféier 3 Minutten, fir Är Wunneng a Sécherheet ze verloossen. Fir Zäit ze gewannen, maacht d’Dieren zou. Och wann et keng Brandschutzdiere sinn, hale si den Damp (dee gëfteg ka sinn) méi laang zeréck. D’Dieren zouzemaache kann och hëllefen, d’Temperatur an deene Raim, déi net betraff sinn, méi niddreg ze halen.
Soubal Dir a Sécherheet sidd, rufftden 112 un a warnt Är Noperen.
Eng sécher Evakuatioun ass net méiglech? Knéit Iech op de Buedem, Dir gesitt hei méi kloer a kënnt warscheinlech besser ootmen, well de waarmen Damp no uewe klëmmt. Maacht d’Dier vum Raum, an deem Dir sidd, zou a rufft den 112 un. Erkläert der Persoun um Telefon Är Positioun a waart op de Rettungsdéngscht.
D’Wichtegkeet vun der Hausversécherung
Och wa se zu Lëtzebuerg net obligatoresch ass, gëtt eng Hausversécherung staark recommandéiert, fir datt Äre Patrimoine geschützt ass an Dir Äre Kapp a Rou leeë kënnt. Wann Dir Locataire sidd, musst Dir wëssen, datt Äre Proprietär dës Assurance am Bail fuerdere kann. Am Kontrakt easyPROTECT Haus a Wunneng zielt d’Brandversécherung zu de Basiscouverturen. Si kënnt fir materiell Schied op, déi net nëmmen duerch d’Feier mee och duerch Damp, Rouscht oder gëeegent Läschmëttel entstinn.
Wat ass konkreet vun Ärer Assurance ofgedeckt?
Am Fall vun engem Brand kann Är Assurance déi materiell Schied (Miwwelen, Ekipementer, perséinlech Géigestänn), d’Käschte fir e provisoresche Relogement, wann Äert Doheem onbewunnbar ass, an Är privat Haftflicht, wann d’Feier op d’Nopeschhaiser iwwergaangen ass, ofdecken.
Wichteg ass, reegelméisseg ze iwwerpréiwen, ob d’Versécherungszomm fir de Mobilier, déi an Ärem Kontrakt festgeluecht ass, um aktuelle Stand ass. Fir dësen Inventaire ze vereinfachen, benotzt eisen interaktive Simulator. Hei kritt Dir mat e puer Klicks eng zouverlässeg Evaluatioun vun Äre Gidder, fir ze garantéieren, datt Dir adequat ofgeséchert an am Fall vun engem Schued net ënnerverséchert sidd.
LALUX un Ärer Säit no engem Schued
Wann et zu engem Brand koum, dann zéckt net, direkt Äre LALUX-Agent ze kontaktéieren. Hie begleet Iech an dëser däreger Situatioun: Hie guidéiert Iech Schrëtt fir Schrëtt duerch Är Demarchen, hëlleft Iech, den Deklaratiounsdossier vum Schued zesummenzestellen an agéiert als Schnëttstell mat deenen néidegen Intervenanten. Well nieft der Indemnisatioun geet et och drëm, Iech ze ënnerstëtzen an ze entlaaschten.
Wien ass de CGDIS?
Zu Lëtzebuerg gëtt et eng eenheetlech Telefonsnummer, déi een am Fall vun enger Gefor uruffe soll: den 112. Um aneren Enn vun der Leitung ass de Corps Grand-Ducal d’incendie et de secours (CGDIS), e Service, an deem all d’Rettungsdéngschter vum Land regruppéiert sinn: d’Brand- a Rettungsdéngschter vun de Gemengen, d’Eenheete vun der Protection civile, de medezineschen Noutfalldéngscht (SAMU), de Brand- an Ambulanzendéngscht vun der Stad Lëtzebuerg an d’Fluchhafepompjeeën.
D’Aufgabe vum Brand- a Rettungsdéngscht, dee sech aus 4.000 fräiwëllege Pompjeeën zesummesetzt, opgedeelt op 100 Brand- a Rettungszenteren (CIS), bestinn doranner, am Fall vu Bränn oder aneren Evenementer, bei deene Persounen oder Déieren a Gefor sinn, anzegräifen: Verkéiersaccident, Pann an engem Lift, Astierze vu Gebaier asw. D’CISen intervenéieren och am Fall vun Ëmweltgeforen (Austrëtt vu geféierleche Substanzen asw.)
Den 112 am Iwwerbléck
- Europäesch Noutruffnummer (funktionéiert och an deenen aneren EU-Länner)
- Gratis Uruff
- 24/7 erreechbar
- Zu den Noutfäll zielen:
- Verkéiersaccidenter, Aarbechtsaccidenter, Accidenter doheem… bei deenen et Verletzter gouf
- Krankheeten
- Bränn
- Iwwerschwemmungen
- Vergëftungen
- Attacke mat Verletzter
- Verschmotzungen
- kierperlech a materiell Schied
easyPROTECT Haus a Wunneng
Méi gewuer ginn


