Professionnel,Cyber verëffentlecht den 20.04.2026

Fiduciairen: Firwat Är Donnéeën ideal Zilscheiwe fir Cyberkrimineller sinn, a wéi Dir se ofséchere kënnt

Blog/easyPRO Cyber fir Fiduciairen

Als Fiduciaire ass d’Vertrauen Äert wäertvollst Kapital. Bei Iech gi Geheimnisser versuergt, déi am Geschäftsliewen ongär oppegeluecht ginn: Bilanen, Steiererklärungen, Sozialversécherungsdonnéeën, IBAN, Verméigens- a Strategieinformatioune vun Äre Clienten. An et ass grad dës Konzentratioun un digitale Wäerter, déi Iech zu enger beléifter Zilscheif fir Cyberkrimineller mécht. Am Géigesaz zu enger einfacher Pann betrëfft eng Cyberattack géint eng Fiduciaire net nëmmen eng Entitéit, si destabiliséiert eng ganz Kette vun Entreprisen.

Firwat sinn d’Fiduciairen esou speziell am Viséier vu Kriminellen?

Bei de Fiduciairë leeft e grousse Volume u kritesche Finanz- a perséinlechen Donnéeën zesummen. Eng Fiduciaire hacke bedeit, mat engem Ugrëff Zougang zu Dosenden, souguer Honnerte vu Clientsentreprisen ze kréien.

De Risiko ass reell a spezifesch fir Är Aktivitéit:

  • Den Dominoeffekt: Eng Attack op Äre System breet sech direkt op d’Donnéeë vun Äre Clienten aus an exposéiert si dem Risiko vu Bedruch, Retarde bei der TVA a bei der Sozialversécherung a geriichtleche Poursuitten.
  • D’Ofhängegkeet vu Prestatairen: Är Ofhängegkeet vun Hebergeuren a vu beruffsspezifescher Software (ERP fir d’Comptabilitéit, gedeelt Cloud-Plattformen) schaaft e Risiko vun engem Dominoeffekt. Wann e gemeinsame Prestataire attackéiert gëtt, iwwerdréit sech den Impakt op déi ganz Ketten.
  • Reglementareschen Impakt: Am Fall vun enger Dateschutzverletzung sinn d’Obligatiounen am Zesummenhang mam RGPD an de Risiko vu Sanktioune säitens der CNPD net ze verkennen, doriwwer eraus kënnt déi berufflech Haftflicht an d’Spill an de Ruff vun Ärem Cabinet ka laangfristeg geschiedegt ginn.
  • Den NC3 (Centre national de la cybersécurité) warnt dofir och virun zouhuelende geziilten Attacken op kritesch Sous-Traitante vun de groussen Entreprisen, eng Kategorie, an déi d’Fiduciairë mat Sécherheet falen.

E konkreet Beispill: D’Käschte vun enger Cyberattack

Stelle mer eis dee follgenden Zenario vir: Eng Fiduciaire gëtt mat enger Bedruchssoftware infizéiert, déi sensibel Finanzdonnéeë vun hire Clienten erausfiltert. D’Intrusioun gëtt zwar detektéiert, trotzdeem ginn d’Donnéeën am Dark Web zum Verkaf ugebueden. D’Fiduciaire ass mat enger Vertrauenskris a mat obligatoreschen Notifikatioune konfrontéiert an d’Clienten droe mat juristesche Poursuitten.

An esou enger Situatioun hätt easyPRO Cyber déi follgend Käschten iwwerholl:

  • Noutfall-Assistance: 720 €
  • Notifikatioun un d’Clienten an un d’Autoritéiten: 5.000 €
  • Reconstitutioun vum IT-System a vun de geklauten Donnéeën: 20.000 €
  • Haftflicht (Schied bei Drëtten): 80.000 €
  • Monitoring vun de kompromettéierten Donnéeën: 10.000 €

Dëst Beispill illustréiert den Ëmfang vun de Käschten, deenen eng Fiduciaire ouni adäquat Ofsécherung ausgesat ass.

D’Konsequenze vun enger Cyberattack op Är Aktivitéit

Gelonge Cyberattacke kënnen d’Aktivitéit vun enger Fiduciaire paralyséieren an, an engem Metier, deen op Zouverlässegkeet a Vertraue baséiert, souguer hire Fortbestand a Fro stellen.

  • Blockéiert Comptabilitéitssystemer: D’Verschlësselung oder d’Kompromettéiere vun der Gestiounssoftware an den Instrumenter fir d’Steiererklärung féiert zu Retarde bei de Comptabilitéits- a steierleche Verflichtungen, déi d’Clienten direkt penaliséieren.
  • Déifstall vun ultrasensibelen Donnéeën: D’Bilanen, IBAN-Nummeren a steierlech Donnéeë kënne weiderverkaf oder fir geziilte Bedruch géint Är Clienten ausgenotzt ginn.
  • Vertrauensverloscht: D’Fuite vu vertraulechen Donnéeë kann d’Relatioun mam Client dauerhaft schiedegen an d’berufflech Haftflicht vun der Fiduciaire ausléisen.
  • Reglementaresch a juristesch Konsequenzen: D’Fiduciairë si Plainten, Sanktiounen duerch d’CNPD an deiere Rechtssträiter ausgesat.

easyPRO Cyber : une approche globale en trois piliers

Well d’Attacken ëmmer méi heefeg ginn, geet et net duer, einfach nëmmen ze reagéieren. Et gëllt, sech eng strukturéiert Strategie zouzeleeën, déi sech op dräi wichteg Piliere stäipt a vun easyPRO Cyber konkreet an d’Praxis ëmgesat gëtt: virsuergen, reagéieren a reparéieren.

 

1. Virsuergen: Proaktiv Preventioun

D’Approche vun easyPRO Cyber fänkt scho laang virun engem Incident un. Ageleet gëtt se mat engem gratis Sécherheetsscan, deen den Niveau vun de Schwaachstellen an Ärer Struktur prezis evaluéiert. Duerch dës Diagnos kënne Schwaachstellen identifizéiert ginn, éier se ausgenotzt ginn, an dat setzt de Risiko vun enger Attack konkreet erof. Dank der Plattform Dattak Defense profitéiert den Assuré vun enger kontinuéierlecher Iwwerwaachung an Alerten an Echtzäit, fir Anomalien opzedecken, en nëtzlechen Zousaz zu Äre gewinnten IT-Prestatairen. D’Approche ëmfaasst och erweidert Auditen a simuléiert Phishing-Campagnen, déi vun Experten entwéckelt goufen, fir Är Mataarbechter fir mënschlech Feeler ze sensibiliséieren, déi dacks d’Haaptursaach vun den Intrusioune sinn.

 

2. Reagéieren: Eng direkt Interventioun 24/7

Wann et zu engem Incident kënnt, zielt all Minutt. easyPRO Cyber stäipt sech op e Partenariat mat Dattak, fir iwwer 50 spezialiséiert Experten (Cybersécherheet, Droit, Krisemanagement), déi ronderëm d’Auer am Asaz sinn, ze mobiliséieren. D’Reaktiounszäit läit ënner zwou Minutten.Duerch dës Reaktivitéit kënnen d’Attacken agedämmt, d’Systemer securiséiert an d’Krisekommunikatioun geréiert ginn, fir de gudde Ruff vun Ärer Struktur ze schützen. D’Assistance ëmfaasst och déi virgeschriwwen Notifikatiounen an déi domat verbonne Käschten a bitt esou eng global Prise en charge bei Virfäll wéi E-Mail-Bedruch, digital Erpressung oder Dateschutzverletzungen.

 

3. Reparéieren: Finanzielle Schutz a Kontinuitéit

Eis Léisung indemniséiert entstane Verloschter, sou datt den Assuré de Konsequenze vun der Attack besser gewuess ass. De Versécherungsschutz ëmfaasst:

  • Reconstitutioun vun de Systemer a vun den Donnéeën

  • Betribsverloschter, déi um Peak vun der Aktivitéit (an net um üblechen Duerchschnëtt) gerechent ginn, wat an Zäite vun enger héijer Demande besonnesch wichteg ass

  • Käschte fir d’Verhandlung vu Léisegeld am Fall vun enger digitaler Erpressung

  • Verdeedegungskäschten an déi domat verbonnen Demarchen, wann eng Drëttpersoun (Patient, Partner) betraff ass

easyPRO Cyber bitt ausserdeem d’Fräiheet, am Fall vun engem Incident de Prestataire vun Ärem Vertrauen ze halen. D’Käschte ginn no der Validatioun vun den Devisen iwwerholl, wat Iech erlaabt, mam IT-Expert, deen Dir kennt, zesummenzeschaffen a gläichzäiteg vum Versécherungsschutz ze profitéieren.

Schützt dat, wat am wichtegste fir Iech ass:Är Aktivitéit, Är Clienten an Äre gudde Ruff

D’Fiduciairë kënne sech net méi erlaben, vulnerabel ze sinn. Wéinst dem groussen Ëmfang u wäertvollen Donnéeën hu Cyberkrimineller speziell Äre Secteur am Viséier. 

easyPRO Cyber ass eng Léisung, déi Preventioun, Begleedung vun Experten a komplette Versécherungsschutz am Fall vun engem Incident ënnert een Hutt bréngt. Si erlaabt et, Menacë virzegräifen, Är Systemer ofzesécheren an d’Kontinuitéit vun Ärer Aktivitéit entspaant ze garantéieren.

Déi éischt Etapp ass einfach a gratis: Frot Äre Sécherheetsscan un, fir Är Schwaachstellen haut schonn ze evaluéieren.