Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge sti weltwäit un éischter Stell vun den Doudesursaachen, obwuel si a ville Fäll duerch eng effikass Preventioun an eng fréizäiteg Diagnos kéinte verhënnert ginn. D’Experte vun der Fondation Cœur Daniel Wagner, Partner vun DKV Luxembourg, engagéiere sech fir d’Gesondheet vum Häerz-Kreeslaf-System. Si hu hiert Wëssen an hir Erfarung mat eis gedeelt, fir datt mir dës Erkrankungen an d’Méiglechkeeten, fir dogéint virzegoen, besser kënne verstoen.
Iwwer den Auteur
Dësen Artikel baséiert op enger Presentatioun vum Dr Philippe Degrell, Kardiolog um CHL a Member vum Comité vun der Fondation Cœur Daniel Wagner, op enger Konferenz, déi a Kooperatioun mat DKV Luxembourg organiséiert gouf.
De Kardiovaskuläre Risiko no Geschlecht
Entgéint enger wäit verbreeter Meenung si Frae genee esou staark wéi Männer vun Häerz-Kreeslaf-Erkrankunge betraff. Et ginn awer Ënnerscheeder:
- Bei Frae kënnt et generell méi spéit, nom Alter vu 60 Joer, zu engem Häerzinfarkt.
- Mee et sinn ëmmer méi jonk Frae betraff an d’Grënn dofir sinn ënner anerem Iwwergewiicht a Fëmmen, well den Taux vu Fraen, déi fëmmen, mëttlerweil um selwechten Niveau wéi dee vun de Männer läit.
- D’Stierflechkeet no engem Häerzinfarkt ass bei de Frae méi héich.
D'Risikofacteuren
Nieft dem Tubak spillen d’Hormoner och eng Roll beim kardiovaskuläre Risiko vun de Fraen:
- 75 % vun de Fraen ënner 60 Joer, déi en Häerzinfarkt haten, hu gefëmmt.1
- Och hormonell Verhütungsmëttel spillen eng Roll: 86 % vun de Fraen, déi en Häerzinfarkt haten, hunn Östrogeen-Gestageen-Verhütungsmëttel geholl, obwuel et fir si Kontraindikatiounen dofir gouf.2
- Verschidden Häerzerkrankunge komme méi dacks an den hormonellen Ëmstellungsphase vir, zum Beispill wärend der Schwangerschaft oder an de Wiesseljoren.
D'Diagnos bei Fraen
Mee firwat sinn Infarkter bei Frae méi schwéier ze diagnostizéieren?
Bei engem Häerzinfarkt spiere Männer a Fraen dacks Symptomer wéi Péng am Broschtkuerf a Strale vun der Péng an de lénken Aarm, d’Frae spieren awer méi heefeg atypesch oder verbonne Symptomer, wat eng Diagnos méi schwéier mécht:
- staark Middegkeet
- Iwwelzegkeet
- Otemnout
- E Gefill vun allgemengem Onwuelsinn
Am Duerchschnëtt sichen d’Frae 50 Minutte méi spéit ewéi d’Männer medezinesch Hëllef, nodeem déi éischt Symptomer opgetruede sinn; eng verspéit Diagnos, déi schlëmm Konsequenze kann hunn.
An da ginn och nach verschidden Häerzerkrankungen, déi verstäerkt bei Fraen optrieden, ënnerschat, well d’Fraen an Etüden ënnerrepresentéiert sinn an d’Krankheeten dofir bei verschidden Dokteren net bekannt genuch sinn.
Fir d’Versuergung ze verbesseren, mussen dofir der Fondation Cœur Daniel Wagner no méi Fraen a klinesch Etüden abezunn an d’Dokteren op dës Ënnerscheeder opmierksam gemaach ginn.
Sech beschtméiglech schützen
Fir Iech beschtméiglech ze schützen, passt op d’Symptomer op, déi Dir eventuell spiert, optiméiert Äre Liewensstil an denkt u Léisungen, déi Iech nohalteg bei Ärem gesondheetleche Parcours begleede kënnen.
Kee wënscht sech Häerzproblemer, déi am Spidol musse behandelt ginn, mee wann dat néideg ass, dann erlaabt EASY HEALTH vun der DKV Luxembourg Iech zum Beispill, vun Hospitalisatiounen an der éischter Klass ze profitéieren. Dës Versécherung ëmfaasst och den exklusive Service BEST CARE⁺, deen am Fall vun enger schwéierer Erkrankung eng séier medezinesch Hëllef an e Rendez-vous bei engem Spezialist bannent 5 Deeg garantéiert. Wann eng Operatioun néideg sollt sinn, këmmert d’Assurance sech ëm déi ganz Organisatioun.
Gutt ze wëssen: Wann ee sech am jonken Alter verséchert, profitéiert ee vun enger méi niddreger Cotisatioun. Dank der Altersprovisioun bleift dëse gënschtegen Tarif Äert ganzt Liewe laang garantéiert.
Fondation Cœur
Méi dozou

