Tipps,Pensioun verëffentlecht den 24.11.2025
Seng Pensioun zu Lëtzebuerg virbereeden: Firwat elo schonn aktiv ginn?
Blog/Seng Pensioun zu Lëtzebuerg virbereeden: Firwat elo schonn aktiv ginn?

Tëschent der Aarbecht, der Famill an den alldeegleche Projete schéngt d’Pensioun dacks nach wäit ewech ze sinn. An awer kënnt mat den aktuellen Debatten iwwer d’Pensiounsreform eng Fro ëmmer nees op: Wäerte mir an der Pensioun dat selwecht Akommes hunn ewéi eis Elteren? D’Äntwert ass ongewëss, eppes ass awer sécher: Elo schonn aktiv ginn ass déi beschte Strategie.

  • Berechent Äre Steiervirdeel mat

    easyLIFE Pension

    Pensiounsreform zu Lëtzebuerg: e System ënner Drock

    De Lëtzebuerger Pensiounssystem ass an dräi Pilieren opgedeelt. Den éischte Pilier, d’gesetzlech Pensioun, berout op engem Verdeelungssystem, bei deem d’Cotisatioune vun der aktiver Bevëlkerung d’Pensioune vun haut bezuelen. E solidareschen a generéise Modell, dee bis elo wonnerbar funktionéiert huet, mee dee sech elo un eng nei Realitéit muss upassen.

    D’Projektioune sinn eendeiteg: Vun 2027 u gi méi Pensiounen ausbezuelt, wéi Cotisatiounen abezuelt ginn. D’Reserv, déi am Laf vun der Zäit ugeluecht gouf, geet no an no erof a wäert de Schätzungen no 2047 ganz eidel sinn. Eng déifgräifend Reform ass deemno onëmgänglech, mee kee weess genee, wéi déi wäert ausgesinn a wéini se ëmgesat gëtt.

    Wat awer sécher ass: Wat d’Reform méi laang no hanne verluecht gëtt, wat déi néideg Ajustementer méi grouss wäerte sinn. Amplaz ofzewaarden an dës Changementer esou ze huelen, wéi se deen Ament sinn, kënnt Dir haut schonn d’Kontroll iwwer Är finanziell Zukunft iwwerhuelen.

    Privat Altersvirsuerg: Steiervirdeeler maximéieren

    Den drëtte Pilier vum Lëtzebuerger Pensiounssystem betrëfft déi privat Altersvirsuerg. D’Regierung huet viru Kuerzem ugekënnegt, datt de Plaffong vun den Héchstbeträg, déi ee steierlech ofsetze kann, däitlech an d’Luucht gesat gëtt, an zwar vun 3.200 € op 4.500 € d’Joer ab 2026. E staarkt Signal, dat jiddereen encouragéiert, sech säin eegent Sécherheetsnetz ze spanen.

    Wéi funktionéiert easyLIFE Pension?

    Mat engem Pensiounsplang ewéi easyLIFE Pension baut Dir no an no e Pensiounskapital op, dat Äre Moyenen entsprécht. De Prinzip ass einfach a flexibel:

    • Erschwénglech Versementen: Vu 25 € de Mount un, woubäi de Betrag un Är Situatioun kann ugepasst ginn

    • Direkt steierlech Virdeeler: Steierreduktioun vu bis zu 45 % vum gespuerte Betrag, jee no Ärem Grenzsteiersaz

    • Choix beim Investéieren : Formel Sécurité mat garantéiertem Kapital oder Formel Performance, geknäppt u Fongen, fir e potenziell méi héije Rendement

    • Flexibilitéit bei der Echeance: Ausbezuelen a Form vu Kapital an engem eemolege Versement oder a Form vun enger liewenslaanger Rent

    Konkreet kascht Iech all Euro, deen Dir an Är Altersvirsuerg investéiert, ënnert dem Stréch vill manner, well den Artikel 111bis vum Gesetz iwwer d’Akommessteier (LIR) et erlaabt, e gewësse Betrag ofzesetzen. Den Equivalent vun engem Iessen am Restaurant all Mount, also 50 €, ka sech an e gréisseren Investissement an Är Zukunft verwandelen, zemools, well d’steierlech Virdeeler déi tatsächlech Käschte vun Äre Spuerbeméiungen däitlech reduzéieren.

    Zousazpensiounsversécherung: En Atout, dee bei Salariéen an Independanten ze mann bekannt ass

    Den zweete Pilier, deen aus de betriiblechen Zousazpensiounsversécherunge besteet, gëtt zu Lëtzebuerg ëmmer nach vill ze wéineg genotzt. An dat obwuel e remarkabel steierlech Virdeeler fir d’Employeuren, d’Employéen an d’Independantë bitt. 

    Fir d’Employeuren

    Léisungen ewéi lalux-Staff Protect erméiglechen et den Employeuren, en ëmfaassende Schutz ze bidden, deen net nëmmen d’Pensioun, mee och d’Risike vun Doud an Invaliditéit ofdeckt – an dat alles an engem ganz attraktive steierleche Kader. Op engem kompetitiven Aarbechtsmaart ass dat e staarkt Argument, fir Talenter unzezéien an ze fideliséieren.

    Fir d’Salariéen

    Wann Ären Employeur eng Zousazpensiounsversécherung ageriicht huet, kënnt Dir dës mat perséinleche Cotisatioune vu bis zu 1.200 € d’Joer ergänzen. Duerch dës Versemente reduzéiert Dir all Mount direkt Äert versteierbaart Akommes. Dir bezuelt haut keng Steieren op deene Suen an och d’Leeschtungen, déi Dir um Enn vum Kontrakt kritt, si steierfräi. Eng duebel Steieroptiméierung, déi besonnesch interessant ass.

    Fir Independanten a Fräiberuffler

    Fir Independantë bitt lalux-Safe Future déi selwecht Méiglechkeeten. Dir kënnt bis zu 20 % vun Ärem Nettojoresakommes investéieren, woubäi beim Antrëtt eng Pauschalsteier vun 20,9 % ufält an d’Ausbezuelung um Enn vum Kontrakt steierfräi ass. Eng pragmatesch Léisung, fir Är aktuell Steierlaascht an eng zukünfteg Sécherheet ze verwandelen.

    Är Pensiounsstrategie an zwou Etappen

    Fir an aller Rou seng Pensioun opzebauen, brauch een eng strukturéiert Approche, déi déi verschidden disponibel Pilieren intelligent matenee verbënnt.

    Éischt Etapp: Optiméiert deen zweete Pilier

    Frot no, ob Ären Employeur eng Zousazpensiounsversécherung ubitt an ergänzt dës mat perséinleche Cotisatiounen, fir direkt all Mount vun enger Steierreduktioun profitéieren ze kënnen. Wann Dir Independant sidd, da riicht Iech eng Zousazpensioun no Ären eegene finanzielle Méiglechkeeten an. Dat ass kuerzfristeg dee gënschtegste steierlechen Hiewel.

    Zweet Etapp: Séchert Iech mat privatem Spueren of

    Schléisst e Pensiounsplang ewéi easyLIFE Pension of, bei deem Dir de Betrag, deen Dir all Mount abezuelt, un Äre Budget upasse kënnt. Och wann dëse Betrag am Ufank méi kleng ass, baut Dir duerch de reegelméissegen Effort, deen nach duerch d’steierlech Virdeeler verstäerkt gëtt, laangfristeg a methodesch Äert Pensiounskapital op.

    Wat Dir éischter ufänkt, wat den néidegen Effort all Mount méi niddreg ka sinn a wat d’Zäit méi zu Äre Gonschte spillt. De gesetzleche System bleift weiderhin d’Basis vun Ärer Pensioun, duerch d’Diversifikatioun vun Ären Akommesquelle schützt Dir Iech awer géint den Impakt vu Reformen an der Zukunft.

    Wéi kënnt Dir Är steierlech Virdeeler ausrechnen?

    Ee vun den Haaptatoute vun der Altersvirsuerg zu Lëtzebuerg ass dee gënschtege steierleche Kader. Mee wéi vill kënnt Dir konkreet spueren?

    Dat hänkt vu verschiddene Facteuren of: Ärem versteierbaren Akommes, Ärer Familljesituatioun an Ärem Grenzsteiersaz. Fir Iech eng prezis Iddi dovunner ze ginn, wéi vill Dir potenziell spuere kënnt, stellt LALUX Iech gratis en Online-Simulator zur Verfügung. Mat e puer Klicke kritt Dir eng personaliséiert Estimatioun vum Betrag, deen Dir all Joer bei de Steiere spuert.

    Zéckt och net, Äre LALUX-Agent ze kontaktéieren, deen Iech ënner Berücksichtegung vun Ärer spezifescher Situatioun berode kann.

     

    Gitt elo fir Är Pensioun aktiv

    Déi politesch Debatten iwwer d’Pensiounsreform wäerte weidergoen, d’Projektioune wäerte sech entwéckelen, mee eppes wäert net änneren: Är Méiglechkeeten, fir haut schonn ze handelen. Déi aktuell steierlech Virdeeler si konkreet, direkt a generéis. Si bidden Iech eng reell Chance, Är Zukunft virzebereeden a gläichzäiteg Är Besteierung ze verbesseren.

    Egal wéi d’Reform schlussendlech wäert ausgesinn a wéini se kënnt, Dir hutt Iech dofir entscheet, proaktiv ze handelen, an net einfach nëmmen ofzewaarden. D’Geschicht vun Ärer Pensioun gëtt elo geschriwwen.

    FAQs

    Wéi héich ass den Héchstbetrag, dee fir eng privat Altersvirsuerg zu Lëtzebuerg steierlech ofgesat ka ginn?

    Bei de Kontrakter fir d’Altersvirsuerg (Artikel 111bis vum LIR) läit de Plaffong aktuell bei 3.200 € d’Joer a soll vun 2026 un op 4.500 € eropgoen.

    Kann ech eng Zousazpensiounsversécherung vum Employeur an eng privat Altersvirsuerg matenee kombinéieren?

    Jo, absolut! Dat gëtt esouguer recommandéiert! Dir kënnt vun de steierleche Virdeeler vun der Zousazpensiounsversécherung (perséinlech Cotisatioune bis zu 1.200 €/Joer) profitéieren a gläichzäiteg e Pensiounsplang ewéi easyLIFE Pension ofschléissen (hei kënne bis zu 3.200 € oder 4.500 € (vun 2026 un) ofgesat ginn).

    Vu wéi engem Alter u sollt ech am beschten ufänken, fir meng Pensioun ze spueren?

    Esou fréi wéi méiglech! Wat Dir méi jonk ufänkt, wat den néidegen Effort all Mount méi niddreg ass a wat d’Kapital, dat Dir opbaut, wéinst der kumulativer Wierkung op laang Siicht méi héich wäert sinn.

    Ech sti kuerz virun der Pensioun oder si schonn an der Pensioun – kann ech nach spueren?

    Jo, et ass net ze spéit: Dir kënnt bis zum Alter vu 64 Joer eng easyLIFE Pension ofschléissen a weiderhi vun de steierleche Virdeeler profitéieren, och wann Dir scho pensionéiert sidd. De Kontrakt muss just eng Mindestlafzäit vun 10 Joer hunn a virun Ärem 75. Gebuertsdag oflafen.

    Wat geschitt, wann ech Independant sinn a keen Employeur hunn?

    Als Independant kënnt Dir mat Léisungen ewéi lalux-Safe Future Är eegen Zousazpensiounsversécherung ofschléissen, an esou bis zu 20 % vun Ärem Nettojoresakommes investéieren a vu grousse steierleche Virdeeler profitéieren. An als Privatpersoun kënnt Dir och e Plang fir d’Altersvirsuerg ewéi easyLIFE Pension ofschléissen. 

    Wéi kréien ech meng Pensiounserspuernesser bei der Echeance?

    Dir kënnt wielen, ob Dir Äert Kapital an enger Kéier ausbezuelt kréie wëllt oder ob et an eng liewenslaang Rent ëmgewandelt soll ginn. Dës Decisioun gëtt bei der Echeance geholl an hänkt vun Äre jeeweilege Besoinen a Virléiften of.

    Berechent Äre Steiervirdeel mat

    easyLIFE Pension