Präventioun,Pensioun verëffentlecht den 01.01.2026

De Pensiounsguide fir Lëtzebuerg

Blog/De Pensiounsguide fir Lëtzebuerg

Egal, ob Är Pensioun kuerz bevirsteet oder nach wäit ewech ass, wann Dir se plange wëllt, da bedeit dat zu Lëtzebuerg, sech mat engem System ausenanerzesetzen, deen zwar zolidd a generéis, awer och heiansdo komplex ass. Gesetzleche Rentenalter, virzäiteg Pensioun, Studiejoren, „baby years”, geplangte Reform: Bei all deene Reegelen an hiren Ausname verléiert ee liicht den Iwwerbléck. Hei fannt Dir alles, wat Dir wësse musst, fir den Antrëtt an d’Pensioun virzebereeden.

  • Plangt Är Pensioun an aller Rou

    Simulator Schätzung vun der Pensiou

    easyLIFE Pension

    Entdecken

    Et héiert een dacks, datt een 10 Joer zu Lëtzebuerg geschafft muss hunn, fir Usproch op eng Pensioun ze hunn. Dës Meenung ass wäit verbreet ... mee falsch! Fir datt Dir méi kloer gesitt, hu mir d’Haaptfroe ronderëm dëse Moment am Liewen, dee fir jiddweree wichteg ass a vu villen ongedëlleg erwaart gëtt, zesummegestallt.

    De Lëtzebuerger Pensiounssystem verstoen

    Fir d’alleréischt muss een ënnerscheeden tëschent dem allgemenge Regimm, dee fir d’Salariéen aus der Privatwirtschaft gëllt, an dem spezielle Regimm (respektiv speziellen Iwwergangsregimm fir d’Fonctionnairen, déi virum 01.01.1999 ugefaangen hu mat schaffen), dee fir d’Beamten aus dem ëffentlechen Déngscht, vun de Gemengen a vun der Lëtzebuerger Eisebunnsgesellschaft (CFL) gëllt. 

    Mir ginn hei op d’Specificitéite vum allgemenge Regimm an. 

    De Lëtzebuerger Pensiounssystem baséiert um Prinzip vun der Solidaritéit: D’Salariéen, déi schaffen, cotiséiere fir déi, déi aktuell an der Pensioun sinn. Hei schwätzt een och vum Ëmlagesystem. Nieft dem Ausbezuele vun de lafende Pensioune gesäit de System eng „Kompensatiounsreserv“  vir: E Sécherheetspolster, deen ëmmer 1,5 Mol méi héich si muss ewéi de Montant vun de Pensiounen, déi an engem Joer ausbezuelt ginn. Firwat? Fir och schwiereg Zäiten, wéi eng schwéier Wirtschaftskris, bewältegen ze kënnen. 2023 louch d’Reserv bei 4,25 Mol dem Montant vun de Joresprestatiounen, wat drop hindeit, datt den aktuelle Pensiounssystem scheinbar bei gudder Gesondheet ass.

    Och wann dës Zuelen eng aktuell gënschteg Situatioun weisen, verstoppt sech dohannert awer mëttelfristeg eng méi beonrouegend Realitéit. Souguer mat der Aféierung vun der Reform vun 2025, déi d’Tragfäegkeet vum System verlängere sollt, ginn d’Cotisatioune vun 2029 un net méi duer, fir all d’Pensiounen auszebezuelen an et muss deemno op d’Reserven zeréckgegraff ginn.  Den aktuelle Projektiounen no kéinten dës Reserven – egal wéi confortabel se haut ausgesinn – bis 2048 opgebraucht sinn, wa keng zousätzlech Moossname getraff ginn. 

    Wéi ginn d’Pensioune finanzéiert?

    D’Pensioune gi gréisstendeels iwwer de globale Cotisatiounstaux finanzéiert. Dësen Taux, dee mat gréisster Suergfalt vun der Inspection générale de la sécurité sociale (IGSS) ausgerechent gëtt, gëtt all 10 Joer festgeluecht a muss duergoen, fir déi zukünfteg Pensiounen, déi aktuell Pensiounen an d’Entwécklung vun der Reserv ofzedecken. Zanter dem éischten Deckungszäitraum, deen 1985 ugaang ass, läit dësen Taux bei 24 % (8 % zu Laaschte vun de Salariéen, 8 % zu Laaschte vun den Employeuren an 8 % zu Laaschte vum Staat). E gëtt awer ab 2026 eropgesat (cf. encadréierten Text).

    D’Cotisatioune vun de Salariéë sinn awer net déi eenzeg Quell, aus deenen d’Pensioune gespeist ginn. D’Erträg, déi vun der Kompensatiounsreserv (dem Sécherheetspolster) generéiert ginn, droen och dozou bäi, d’Dëppe vun de Pensiounen ze fëllen, grad ewéi divers aner Revenuen

    Wéini soll ee seng Demande, fir an d’Pensioun ze goen, areechen?

    Gesetzleche Pensiounsalter: 65 Joer

    Zu Lëtzebuerg läit den Alter, an deem Dir vum gesetzleche Standpunkt hier an d’Pensioun goe kënnt, bei 65 Joer. Dofir muss een insgesamt (Zäitraim vun der obligatorescher, Weider-, fakultativer oder retroaktiver Versécherung zesummegerechent) op d’mannst 10 Joer (120 Méint) zu Lëtzebuerg oder an engem anere Land vun der Europäescher Unioun geschafft a cotiséiert hunn. Et muss een och op d’mannst 12 Méint zu Lëtzebuerg geschafft a cotiséiert hunn.

    Wann d’Bedéngung vun 12 Méint Schaffen zu Lëtzebuerg net erfëllt ass, kënnt Dir zu Lëtzebuerg keng Pensioun kréien.

    Fréistens: vu 57 Joer un

    Ënner gewësse Bedéngungen ass et méiglech, eng virzäiteg Demande ze maachen : 

    • mat 57 Joer, wann Dir op d’mannst 480 Méint (40 Joer) geschafft an an d’obligatoresch Versécherung abezuelt hutt;
    • mat 60 Joer, wann:
      • Dir insgesamt 480 Méint (40 Joer) urechebar Perioden opweises hutt (obligatoresch, fakultativ a Weiderversécherungsperioden, Nokafperioden an Ergänzungsperioden, genee ewéi Studiejoren), d. h. Perioden, wärend deenen Dir als Salarié oder Independant geschafft hutt, a Perioden, déi mat dëse gläichgestallt sinn; an
      • an dësem Total op d’mannst 120 Méint (10 Joer) obligatoresch, fakultativ, Weiderversécherungs- oder Nokafperioden enthale sinn.

    Remark: D’Periode vum Congé de maternité a vum Congé parental gi bei der Berechnung vun der Versécherungsdauer wéi obligatoresch Versécherungsperioden ugerechent, dat gëllt och bei der Demande fir eng virzäiteg Pensioun.

    E klenge Lexikon vun de Versécherungsperioden: 

    • D’Periode vun der obligatorescher Versécherung: Zäitraim vu berufflecher Aktivitéit, oder déi als esou Zäitraim ugesi ginn, wärend deenen Dir Är Cotisatiounen abezuelt.
    • D’Weiderversécherungsperioden: Zäitraim, wärend deenen Dir Är Pensiounsversécherung weiderféieren oder ergänze kënnt, wann Dir op déi lescht 3 Joer gekuckt op d’mannst 12 Méint verséchert waart, éier Dir Är obligatoresch Versécherung verluer (oder Är Aktivitéit reduzéiert) hutt.
    • D’Periode vun der fakultativer Versécherung: Zäitraim, wärend deenen Dir Iech fräiwëlleg verséchere kënnt, wann Dir bestëmmte Bedéngungen erfëllt (besonnesch a Bezuch op de Wunnsëtz zu Lëtzebuerg an d’Affiliatioun am Virfeld), wann Dir Är berufflech Aktivitéit aus familiäre Grënn opgitt oder reduzéiert.
    • D’Nokafperioden: Verschidde Periode ginn net fir d’Pensioun berücksichtegt (dorënner zum Beispill: eng Ënnerbriechung oder eng Reduktioun vun der Aktivitéit, fir sech ëm Är Famill ze këmmeren, oder eng net ofgedeckte Period nom Verloosse vun engem Pensiounssystem am Ausland). Dir kënnt eng Demande areechen, fir dës Perioden urechnen ze loossen, andeem Dir nodréiglech Cotisatioune bezuelt: Dat nennt een dann e retroaktive Kaf oder Nokaf.

    Wéi eng Demarchë muss een ënnerhuelen?

    Seng Demande am Viraus areechen

    D’Pensioun kritt een net automatesch. Et muss ee selwer eng Demande bei der Caisse nationale d’assurance pension (CNAP) areechen, an dat e puer Méint virum geplangten Antrëtt an d’Pensioun – souguer wann ee mat 65 Joer an d’Pensioun geet. Et gi verschidde Formulairë fir d’Demande, jee nodeem, a wéi enger Situatioun Dir Iech befannt. 

    Wann Dir Frontalier sidd, sollt Dir Är Demande am beschte bei der zoustänneger Ariichtung vun Ärem Wunnland areechen. Déi reecht dann Ären Dossier un d’Institutioun vun deem leschte Memberstaat, deem seng gesetzlech Virschrëften ënner Ëmstänn uwendbar waren, weider. 

    Wann een an e puer europäesche Länner geschafft huet

    Wann Dir wärend Ärem Beruffsliewen an e puer Länner vun der Europäescher Unioun, dorënner Lëtzebuerg, geschafft hutt, kënnt Dir am Prinzip vun all dëse Länner eng Pensioun kréien. D’Héicht vun dëser Pensioun gëtt op der Basis vun der Schaffdauer berechent. Dëse Prinzip nennt sech Prinzip vum Zesummerechne vun de Versécherungsperioden. 

    Wéi kann een d’Héicht vu senger Pensioun gewuer ginn?

    D’Héicht vun Ärer Pensioun gëtt op der Basis vun der Unzuel u Joren, déi Dir geschafft hutt an den abezuelte Cotisatioune berechent. Zesumme bilden dës Elementer déi sou genannt „Versécherungskarriär“. Si setzt sech zesummen aus Perioden, an deene Cotisatioune bezuelt ginn, a Perioden, an deenen (bedéngt duerch Invaliditéit, Studien, Kannererzéiung asw.) keng Cotisatioune bezuelt ginn, an déi een och Ergänzungsperioden nennt.

    Zu Lëtzebuerg loung d’Mindestpensioun pro Mount fir 40 Joer zum 1. Mee 2025 bei 2.350,89 Euro brutto. Gëtt dëse Betrag trotz de pauschalen a proportionellen Erhéijungen net erreecht, da kritt Dir e Complement.

    Eng Estimatioun ufroen

    Vu 55 Joer un ass am Karriärsrelevé, deen all Salarié all Joer kritt, den estiméierte Montant vun der Pensioun (dee weeder d’Ergänzungsperioden nach d’Perioden, wärend deenen Dir an Zukunft nach cotiséiere wäert, enthält) opgefouert. 

    Dir kënnt och vu 55 Joer u bei der CNAP eng offiziell Schätzung vun Ärer Pensioun ufroen. Well aktuell awer Ännerungen um Gesetz en cours sinn (kuckt och den encadréierten Text iwwer déi lafend Pensiounsreform), ass d’CNAP den Ament awer net an der Lag, den Demandë fir eng Schätzung nozekommen.

    An dësem Kontext stellt Iech LALUX en intelligente Simulator zur Verfügung, dee speziell entwéckelt gouf, fir Är Pensioun ze schätzen. Dank der OCR-Technologie braucht Dir nëmmen Äre Karriärsrelevé vun der CNAP anzescannen, fir an e puer Sekonnen eng personaliséiert Schätzung vun der Héicht vun Ärer Pensioun ze kréien.

    Dësen innovativen Tool ass e gudde Partner un Ärer Säit, fir den Auswierkunge vun de Pensiounsreforme virzegräifen an Är Strategie am Beräich vun der Virsuerg haut schonn unzepassen an esou Äre Liewensstandard bäibehalen ze kënnen, wann Dir an d’Pensioun gitt.

    D’„baby years“, d’Studiejoren an aner speziell Perioden urechne loossen

    Zu den Ergänzungsperioden, déi net vun engem Pensiounsversécherungsregimm ofgedeckt sinn, zielen zum Beispill: Invaliditéit, Kannererzéiung („baby years“), Studien oder Beruffsausbildung. Si kënnen ugerechent ginn, fir e Stage ze ergänzen, dee fir d’virzäiteg Alterspensioun oder fir d’Mindestpensioun néideg ass, oder fir Erhéijungen derbäizekafen, déi d’Héicht vun der Pensioun eropsetzen.

    Joren, an deene Kanner versuergt goufen

    Fir d’„baby years“ ass et, ënner bestëmmte Bedéngungen, méiglech, dës Zäitraim unerkennen ze loossen, fir se mat obligatoresche Versécherungsperiode gläichzestellen. Heifir mussen d’Elteren eng gemeinsam Demande areechen, fir festzeleeën, wie vun hinnen dovunner profitéiert, oder fir se opzedeelen. Dës Demande ka fréistens agereecht ginn, wann d’Kand 4 Joer al ass a spéitstens beim Ufroe vun der Pensioun (duerno ass et ze spéit). Dëse Virgang ass gratis

    Et gëtt och nach eng aner Méiglechkeet, Perioden, an deenen net cotiséiert gouf, unerkennen ze loossen, nämlech de réckwierkende Kaf oder Nokaf. An dësem Fall kann de Versécherten iwwert d’Abezuele vu Cotisatiounen, déi op engem Referenzakommes berechent ginn, verschidde Perioden nokafen, fir datt se als cotiséiert Periode gëllen. 

    De Choix tëschent dësen zwee Dispositiffen hänkt vu verschiddene Facteuren of, ënner anerem vun de jeeweilege Bedéngungen: d’Unerkennung vun de „baby years“ ass nëmme fir Eltere méiglech, déi streng Krittären erfëllen, wärend den Nokaf méi Flexibilitéit bitt, dofir awer e Präis huet.

    D’Studien- oder Ausbildungsperioden

    Och Studien- oder Beruffsausbildungsperiode kënne bei der Berechnung vun der Karriär als Ergänzungsperioden ugerechent ginn, wa se tëschent 18 a 27 Joer absolvéiert goufen. Dës Perioden ëmfaassen: Studien am Secondaire, op der Héichschoul oder Universitéit, Owescoursë fir Erwuessener an déi obligatoresch Stagen, déi am Kader vum Léierprogramm virgesi sinn. Fir unerkannt kënnen ze ginn, musse si verschidde Konditiounen erfëllen, ënner anerem net remuneréiert gewiescht sinn.

    Zort vu Period Beispiller / Erklärungen Ka beim Ufroe vun enger virzäiteger Pensioun fir de Stage ugerechent ginn? Finanzéiert d’Pensioun (abezuelte Cotisatiounen)?
    Obligatoresch Versécherung Aktivitéit als Salarié oder Independant (a verschidde mat der Aktivitéit gläichgestallte Perioden) JO JO
    Congé de maternité Maternitésindemnitéit (an der Versécherungskarriär gläichgestallt) JO (obligatoresch Versécherung) JO (Cotisatiounen op der Indemnitéit)
    Congé parental Unerkannt Period vu Congé parental JO (obligatoresch Versécherung) Jo (Indemnitéiten, op déi Soziallaaschte bezuelt ginn, mat Ausnamen: Krankheet/Accidenter/Familljeleeschtungen)
    Weiderversécherung Dir féiert d’Versécherung weider oder ergänzt se, nodeem Dir Är Aktivitéit opginn oder reduzéiert hutt (u Bedéngunge geknëppt) JO JO (fräiwëlleg Cotisatiounen)
    Fakultativ Versécherung Fräiwëlleg Pensiounsversécherung (u Bedéngunge geknëppt) JO JO (fräiwëlleg Cotisatiounen)
    Nokaf Dir kaaft verschidde Perioden no, fir doraus cotiséiert Perioden ze maachen JO JO (Abezuele vu Cotisatiounen)
    Ergänzungsperioden Studien / Ausbildung (vun 18 bis 27 Joer), Invaliditéit ... JO (jee no Fall: Stage, Mindestpensioun, Erhéijungen ...) NEE
    Baby years Nom Areeche vun enger gemeinsamer Demande unerkannte Periode vu Kannererzéiung JO (gläichgestallt, ënner gewësse Bedéngungen) NEE (kënnen awer nokaf ginn, ënner gewësse Bedéngungen)

    Aktuell Pensiounsreform

    Mat der Reform vum Pensiounssystem trieden déi gesetzlech Ännerunge ab dem 1. Januar 2026 a Kraaft. Eent vun den Ziler vun der Reform ass et, den aktuellen tatsächlechen Alter vum Antrëtt an d’Pensioun (am Joer 2024 ongeféier 60 Joer) méi no bei de gesetzlechen Alter (65 Joer) ze bréngen. Zu Lëtzebuerg profitéieren effektiv vill Salariéen, wann dat méiglech ass, vun de gënschtege Konditioune vun enger virzäiteger Pensioun. Zu den Upassungen zielt zum Beispill eng schrëttweis Verlängerung vun der Karriär fir Leit, déi 40 Schaffjoer iwwer Ergänzungsperioden erreechen.

    Vu Januar 2026 u geet och de Cotisatiounstaux fir den allgemenge Pensiounsregimm zu Lëtzebuerg vu 2 4 % op 25,5 % erop (8,5 % zu Laaschte vun de Salariéen, 8,5 % zu Laaschte vun den Employeuren an 8,5 % zu Laaschte vum Staat), wat dozou féiert, datt d’Nettoléin erofginn.

    Plangt Är Pensioun an aller Rou

    Simulator Schätzung vun der Pensioun

    easyLIFE Pension

    Entdecken