Smartphone, Computer, Tëlee, ... Mat eisem Versécherungsschutz, deen un Äre vernetzten Alldag ugepasst ass, sinn Är Geräter an Ekipementer géint Imprevue geschützt.
#LALUXShorts Multimedia-Package
Hutt Dir e Smartphone? An en Tablet, eng héichmodern Tëlee, e Computer an esouguer déi neist Spillkonsol fir d’Kanner?
Dann ass de Multimedia-Package vun easyPROTECT Haus a Wunneng wéi fir Iech gemaach! Dëse Package séchert:
- Är informatesch an audiovisuell Geräter,
Är Haushaltsapparater,
souguer Är Alarmanlag an
Är Smart Home Installatiounen
géint Broch oder Déifstall an Ärem Doheem of. Och Är drobar Geräter si weltwäit ofgeséchert.
Souguer d’Museksinstrumenter si bei Iech doheem an op Ären Deplacementer verséchert.
A mam Neiwäert-Package gitt Dir esouguer 5 Joer laang zum Neiwäert indemniséiert.
Wann Äre Smartphone also fält an net méi gefléckt ka ginn, gitt Dir mat deem Betrag, dee fir d’Ersetze vum Handy néideg ass, indemniséiert, dat heescht, Dir kritt de Präis vun engem gläichwäertegen neie Smartphone rembourséiert.
Gutt ze wëssen: Dës zwee Packagë sinn d’office an der Formule Performance, der ultra-kompletter Formel vun easyPROTECT Haus a Wunneng, abegraff. Si kënnen och zousätzlech als Optioun an d’Formule Confort à la carte integréiert ginn.

