Wann Ären Auto säin Déngscht geleescht huet, ass et un der Zäit, sech dovun ze trennen. Dir wéilt natierlech e gudde Präis dofir kréien, mee Dir wësst net, u wien Dir Iech wende sollt. Wéi vill Leit an Ärem Fall frot Dir Iech bestëmmt, wat dat Bescht ass: en direkt un eng Privatpersoun ze verkafen oder e Fachmann anzeschalten?
Virum Verkaf: Leet d’Pabeiere vum Gefier zesummen
An enger éischter Phas rode mir Iech, all d’Pabeieren, déi fir de Verkaf vun Ärem Gefier néideg sinn, zesummenzeleeën an ze iwwerpréiwen.
- Immatrikulatiounscertificat
Fir de Verkaf vun Ärem Auto zu Lëtzebuerg braucht Dir eng Mise hors circulation (Ofmeldung). Dofir musst Dir bei der Société nationale de circulation automobile (SNCA) den Immatrikulatiounscertificat vum Gefier, Deel I (gro) an II (giel), ofginn.
- Certificat vum Contrôle technique
Wann Äert Gefier méi ewéi 4 Joer al ass, musst Dir beim Verkaf e gültege Certificat vum Contrôle technique virleeën, well de Keefer dee brauch, fir d’Gefier nees unzemellen. Dës Reegel gëllt, wann Ären Auto zu Lëtzebuerg immatrikuléiert ass, mee am Prinzip och, wann en am Ausland ugemellt ass. All Informatiounen iwwer de Contrôle technique fannt Dir um Site vun der SNCT.
- Europäesche Konformitéitscertificat
Wann d’Gefier fir déi éischte Kéier nom 1. Februar 2016 immatrikuléiert gouf, musst Dir den europäesche Konformitéitscertificat virleeën, deen attestéiert, datt déi technesch europäesch Normen erfëllt sinn.
Wa bei der neier Immatrikulatioun keen europäesche Konformitéitscertificat virgeluecht gëtt, kann d’SNCA verlaangen, datt d’Gefier bei enger zougeloossener Kontrollstatioun presentéiert gëtt, fir en technesche Rapport vum Gefier auszestellen.
- Entretiensbichelchen
E reegelméisseg ausgefëllt Entretiensbichelchen ass e Beweis dofir, datt kontinuéierlech nom Gefier gekuckt gouf, an dat stäerkt natierlech d’Vertraue vun de potenzielle Keefer.
- Gültegt Identitéitsdokument
Fir d’Transaktioun braucht Dir och Är gülteg Carte d’identité. Si weist Iech als effektive Proprietär vum Gefier, dat Dir verkaaft, aus.
E Verkafspräis schätzen
Fir e Verkafspräis festzeleeën, deen dem Wäert vun Ärem Auto entsprécht, kommen e puer Krittären an d’Spill. Allgemeng si fir eng richteg Schätzung vun Ärem Auto déi follgend Elementer ze berücksichtegen:
- D’Mark, de Modell an d’Versioun vun Ärem Auto
- D’Joer vun der éischter Mise en circulation
- De Kilometerstand um Compteur
- De mechaneschen Zoustand an d’Karosserie
- Den Historique vum Entretien
- D’Ekipementer an eventuell Optiounen
- D’Trends um Maart a lokal Nofro
- Déi verfügbar zouverlässeg Dokumenter (Contrôle technique, Rechnungen)
Wann Ären Auto manner ewéi 7 Joer al ass, kënnt Dir mat Hëllef vum Evaluatiounstool Eurotax de maartübleche Präis vun Ärem Gefier ermëttelen. Et handelt sech hei ëm eng Referenzplattform an Europa, déi vu Fachleit (Garagen, Concessionnairen, Assureuren asw.) benotzt gëtt.
Dir kënnt Iech och op den Online-Verkafssitten iwwer d’Präisser an iwwer d’Weiderverkafspräisser vun de Garagisten informéieren.
Wann Dir Är Iwwerleeungen op zolidd, iwwerpréifbar Krittäre stäipt, sidd Dir besser an der Lag, mam Keefer entspaant iwwer de Verkafspräis ze verhandelen.
Un eng Privatpersoun verkafen: beschte Präis
De Verkaf vun Ärem Auto un eng Privatpersoun bréngt Iech sécherlech méi Geld an, dofir musst Dir awer och méi Zäit an Energie an de Verkaf, an d’Kommunikatioun, an d’Verhandlungen asw. stiechen.
Zu Lëtzebuerg kënnt Dir Ären Auto op Online-Plattforme wéi luxauto.lu, mycar.lu, Marketplace op Facebook oder och nach autoscout24.lu fir de Verkaf ubidden.
Wann Dir e potenzielle private Keefer fannt, de Verkaf awer net direkt stattfanne kann, kënnt Dir vun him als virleefegen Accord e Compromis ënnerschreiwe loossen, deen Iech allebéid engagéiert, den Auto zu de festgeluechte Konditiounen ze verkafen, resp. ze kafen.
Un e Fachmann verkafen: méi séier
De Verkaf iwwer e Fachmann ass eng Léisung, déi méi séier a méi stressfräi ass, well hien all d’Demarchen am Zesummenhang mam Verkaf vun Ärem Auto iwwerhuele kann. Dir vermeit esou och all eventuell Risiken, déi mam Treffe vu private Keefer verbonne sinn. Dofir ass awer de Präis, deen Dir erziilt, warscheinlech méi niddreg, well de Fachhändler gär eng Marge um Weiderverkaf hätt.
Wann Dir Iech fir dës Optioun entscheet, kënnt Dir Iech bei Ärer gewinnter Garage oder bei engem Autohändler renseignéieren. Dir kënnt Iech och un e Concessionnaire vun der Mark vun Ärem Auto adresséieren.
Den Dag vum Verkaf: d’Transaktioun ofsécheren
Dir hutt ee fonnt, dee bereet ass, e Stéck Wee mat Ärem Auto zeréckzeleeën? Hei sinn e puer Tipps, wéi den Dag vum Rendez-vous idealerweis oflafe kann:
- Presentéiert Äert Gefier vu senger beschter Säit. Suergt dofir, datt et komplett gebotzt ass, bannen a baussen.
- Preparéiert all d’Dokumenter, déi fir de Verkaf vun Ärem Auto néideg sinn, am beschten an engem klengen Dossier, fir datt näischt vergiess gëtt.
- Wann de Keefer eng Privatpersoun ass, da maacht mat him e Rendez-vous op enger sécherer Plaz aus an iwwerpréift seng Identitéit.
- Fir d’Bezuelen ass et am beschten, op eng Bank oder eng Iwwerweisung zeréckzegräifen.
- Gitt d’Schlësselen eréischt eraus, wann den Auto bezuelt ass.
1. D’SNCA informéieren
Wann Dir en Auto verkaaft, dee fir d’lescht zu Lëtzebuerg immatrikuléiert war, musst Dir bannent 5 Schaffdeeg nom Verkaf d’Société Nationale de Circulation Automobile (SNCA) informéieren, andeem Dir d’Gefier iwwer eng Déclaration de mise hors circulation du véhicule ofmellt, sief et mat engem ageschriwwene Bréif oder andeem Dir d’Deklaratioun perséinlech géint eng Empfangsbestätegung ofgitt. Dir musst ausserdeem d’Nummereschëlter erofhuelen.
2. Eng Rechnung oder e Kafvertrag ausstellen
Dir musst engRechnung oder e Kafvertrag opstellen, déi Iech als Proprietär vum verkaafte Gefier ausweisen. De Keefer kritt d’Original vun dësem Dokument.
Dëst Dokument:
- enthält d’Informatiounen iwwer de Verkeefer an de Keefer: Numm, Virnumm an déi jeeweileg Kontaktdonnéeën.
- enthält Informatioune fir d’Gefier ze identifizéieren (Modell, Mark, Kilometerstand asw.) oder säin Zoustand ze attestéieren.
- gëtt de Verkafspräis an aner zousätzlech Informatiounen un.
- muss vun deenen zwou Persounen, déi un der Transaktioun bedeelegt sinn, ënnerschriwwe ginn.
Fir Iech ze hëllefen, ginn et fäerdeg Modeller vu Verkafsverträg, zum Beispill dee vum Lëtzebuerger Automobilesclub (ACL), deen een online fënnt.
3. Exportcertificat
Wann de Keefer am Ausland wunnt a säin neit Gefier a sengem Land umelle muss, brauch hien en Exportcertificat. Dëse Certificat kritt ee fir de Präis vun 19,80 Euro bei der SNCA. Entweeder frot Dir, als Verkeefer, de Certificat un a gitt en dann dem Keefer oder de Keefer këmmert sech selwer dorëm. An dësem Fall muss hie bei der SNCA d’Rechnung oder en Noweis, datt d’Gefier him gehéiert, virleeën.
4. Wann Dir am Ausland wunnt an zu Lëtzebuerg verkaaft
Wann d’Gefier, dat Dir zu Lëtzebuerg verkaaft, fir d’lescht am Ausland ugemellt war, muss de Keefer eng Immatrikulatiounsdemande bei der SNCA areechen, fir d’Gefier am Grand-Duché benotzen ze kënnen. Heifir brauch hien e Verkafsvertrag vun Ärer Säit, aus deem ervirgeet, datt de Besëtz vum Gefier op hien iwwerdroe gouf. E brauch och déi auslännesch Immatrikulatiounsdokumenter, déi virum Verkaf an Ärem Besëtz waren. Ënner Ëmstänn sinn déi zwee Deeler vum Certificat néideg.
Ären Assurancëkontrakt iwwerdroen oder opléisen
Loosst Iech net ze laang Zäit, fir Äre LALUX-Agent iwwer de Verkaf vun Ärem Auto ze informéieren, fir datt hien d’Demarchë fir d’Opléisung vun Ärem alen Assurancëkontrakt an d’Weeër leeden an Ären neien Auto verséchere kann.
An elo steet Ären neien Abenteuer op de Lëtzebuerger Stroossen näischt méi am Wee!



