Auto verëffentlecht den 18.03.2026

Wëll Déieren op de Stroossen zu Lëtzebuerg: Hei sinn déi richteg Reflexer

Blog/Wëll Déieren op de Stroossen zu Lëtzebuerg: Hei sinn déi richteg Reflexer

Wann een zu Lëtzebuerg mam Auto ënnerwee ass, bedeit dat dacks, datt d’Stroossen och duerch Bëscher a Felder féieren. Datt d’Natur esou no ass, huet awer och säi Präis: All Joer ginn iwwer 1.000 Accidenter gemellt, déi mat Wëld a Verbindung stinn. Zu Kollisioune kënnt et haaptsächlech am Fréijoer, wann d’Déiere sech nom Wanter deplacéieren, an am Hierscht, wärend der Juegdsaison. Wann een dës Risikoperiode versteet, ass et méi einfach, déi richteg Reflexer ze hunn, fir en Accident mat engem Déier ze vermeiden.

  • Autofuerer: Firwat ass Äre Schutz esou wichteg?

    Méi dozou

    easyPROTECT Auto

    Entdecken

    Wéini a firwat lafen Déieren iwwer d’Strooss?

    Réi, Wëllschwäin oder Hirsche lafen iwwer d’Strooss, fir Narung ze sichen, hiert Revéier opzesichen oder virun enger Gefor ze flüchten. Am Fréijoer verloossen déi jonk Déieren hiert ursprünglecht Gebitt, fir nei Beräicher ze erfuerschen, wärend am Hierscht d’Juegdsaison an d’Sich no Fudder d’Déieren dozou dreift, sech méi ze deplacéieren.

    Déi kriteschst Zäite sinn ëmmer nach déi fréi Mueresstonnen oder am fréien Owend, wann d’Siicht ofhëlt an d’Déiere sech am meeschte beweegen.
    E wichtegen Detail: Wann een Déier iwwer d’Strooss leeft, kënnt dacks nach en zweet hannendrun.

    D’Risike vu Kollisioune mat Wëld

    En Accident mat engem wëllen Déier kann eescht Konsequenzen hunn:

    • Verletzunge fir de Chauffer an d’Passagéier
    • materiell Schied, déi heiansdo héich sinn
    • Immobiliséierung vum Gefier
    • administrativ Demarchen an Deklaratioun bei der Assurance

    Esouguer bei relativ niddreger Vitess kann den Zesummestouss mat engem Wëllschwäin oder engem Hirsch immens geféierlech sinn, well dës Déiere bis zu 100 kg op d’Wo brénge kënnen.

    Wéi kann een d’Risiken op der Strooss reduzéieren?

    D’Preventioun ass ëmmer nach dee beschte Schutz. Hei sinn e puer einfach Reflexer:

    • D'Vitess upassen : Wann een an de Beräicher, déi mat „Passage d’animaux” gekennzeechent sinn, méi lues fiert, huet ee méi Reaktiounszäit. Bei 60 km/h läit de Bremswee bei 35,2 m, bei 100 km/h scho bei 80 m.
    • De Bord vun der Stross am A behalen : Passt bei de Bëscher, Felder oder schlecht beliichte Stroosse besonnesch gutt op.
    • D'Autosluuchte richteg benotzen : Benotzt wa méiglech net Är Pharen, fir d’Déier net ze blenden.
    • Brüsk Manövere vermeiden : Hefteg um Steier rappe kann e Kontrollverloscht verursaachen, deen ënner Ëmstänn méi schlëmm ass, wéi den Impakt selwer.
    • Bei schlechtem Wieder besonnesch gutt oppassen : Reen, Niwwel oder d’Däischtert reduzéieren d’Siicht a verlängeren de Bremswee.

    Wat ass no enger Kollisioun mat engem Déier ze maachen?

    Wann et zu engem Accident sollt kommen, dann:

    • Séchert de Beräich direkt of: maacht déi véier Winkeren un, dot Är Warnwest un a stellt e Warndräieck op.
    • Kontakéiert d'Autoritéiten: Informéiert d’Police, wann d’Déier verletzt ass oder wann et Affer gëtt.
    • Paakt d'Déier net un: E blesséiert Déier ka geféierlech sinn.
    • Maacht Fotoen: Dës si fir Är Deklaratioun bei der Assurance nëtzlech.

    Autosassurance: Sidd Dir gutt ofgeséchert?

    Net all Autosassurance deckt automatesch Kollisioune mat Wëld of. Bei LALUX sidd Dir ab der Formel Confort d’office géint Kollisioune mat Déiere verséchert. 
    Denkt, drun, dëse Punkt mat Ärem Agent ze klären, fir datt Dir keng béis Iwwerraschung kritt.

    Stroossen an Natur: Béides gëtt vu Mënsch an Déier benotzt

    Am Fréijoer an am Hierscht gëllt et, besonnesch virsiichteg ze sinn. Wann een opmierksam fiert, seng Vitess upasst an d’Ëmgéigend permanent am A behält, kann een de Risiko vun enger Kollisioun däitlech reduzéieren. Op de Lëtzebuerger Stroosse gehéiert et zum Alldag, de Raum mat der Natur ze deelen, an e puer einfach Reflexer ginn dacks duer, fir datt eng onerwaart Renconter mat Déieren einfach nëmmen en Ament vun Opmierksamkeet bleift an net zu engem Accident féiert. 

    Autofuerer: Firwat ass Äre Schutz esou wichteg?

    Méi dozou

    easyPROTECT Auto

    Entdecken