Dir sidd Independant a wëllt Är Pensioun ofsécheren a gläichzäiteg Är Léifste schützen? Mat lalux-Safe Future profitéiert Dir vun engem Pensiounsplang op d’Mooss an engem ëmfaassende Schutz am Stierf- oder Invaliditéitsfall. Dir wielt déi Investissementsstrategie aus, déi bei Äre Profil passt.
Dir sidd selbstänneg?
Wësst Dir, wéi Dir Är Zukunft optimal virbereeden a gläichzäiteg Är Léifste beschtméiglech schütze kënnt?
Zanter 2019 kënnen Independanten a Fräiberuffler och eng Zousazpensiounsversécherung ofschléissen.
Dat bedeit, datt Dir e spezielle Renteplang ofschléissen an esou vu gréissere steierleche Virdeeler profitéiere kënnt.
LALUX huet dofir lalux-Safe Future entwéckelt, eng Versécherungsléisung op d’Mooss, mat där Dir Är Pensioun ofsécheren an d’Risiken, deenen Dir dagdeeglech ausgesat sidd, ofdecke kënnt.
D’Primmen, déi Dir an Är Pensioun investéiert, kënne bis zu engem Héchstbetrag vun 20 % vun Ärem Joresakommes als "Dépense Spéciale" vun de Steieren ofgesat ginn.
Dat heescht, datt Dir Äert steierflichtegt Akommes reduzéieren an direkt vu substanzielle Steiererspuernesser profitéiere kënnt.
Och wann eng Pauschalsteier ufält, déi direkt vun der investéierter Primm ofgezu gëtt, ass d’Kapital, dat um Enn vum Kontrakt ausbezuelt gëtt, vun der Akommessteier zu Lëtzebuerg befreit.
Dir kënnt de Montant vun de Primme selwer bestëmmen an, wann néideg, all Joer upassen. Et steet Iech fräi, déi Investitiounsstrategie auszewielen, déi am beschte bei Äre Pensiounsplang passt.
Dat kann e klasseschen Investissement sinn, bei deem Äert Kapital iwwer eng klassesch Liewensversécherung mat engem garantéierten Taux an enger eventueller Gewënnbedeelegung geséchert ass.
Den Taux vun dësem garantéierte Rendement gëtt vum Commissariat aux Assurances festgeluecht.
Et gëtt awer och eng unit-linked Optioun, bei där Äert Kapital sech jee no der Performance vun de Fongen, déi Dir ausgewielt hutt, entwéckelt.
Dës Fongen entspriechen den übleche Risikoprofiller.
Dir kënnt och déi klassesch an d’unit-linked Optioune verbannen, an esou vun engem hybriden Investissement profitéieren.
An doriwwer eraus kënnt Dir och Ärer Famill en zousätzleche Schutz bidden, andeem Dir Ofsécherunge géint Risiken dobäisetzt.
Am Stierffall kënnt de benannte Beneficiairen dat Stierffallkapital zou, dat Dir festgeluecht hutt.
Wann Dir duerch en Accident ëm d’Liewe kommt, gëtt en zousätzlecht Kapital ausbezuelt.
Wann Dir vun der Nationaler Pensiounskeess (CNAP) als invalid erkläert gitt, kritt Dir eng Invaliderent.
LALUX iwwerhëlt ausserdeem bis zum Enn vum Kontrakt d’Primme vu lalux-Safe Future, déi Dir fir Är Pensioun an d’Ofsécherunge géint Risiken abezuelt.
Och d’Risikoprimme kënne steierlech ofgesat ginn, an dat ganz ouni Limitatioun.
Wann Dir bei der Ariichtung vun Ärem lalux-Safe Future-Kontrakt ënnerstëtzt gi wëllt, dann zéckt net, LALUX ze kontaktéieren oder Iech op lalux.lu ze informéieren.

