An enger Welt, an där d’Gesondheetsversuergung ëmmer méi vun der Digitaliséierung ofhänkt, sinn Apdikten an Dokteschpraxisse beléift Zilscheiwe fir Cyberkrimineller, déi vum extreeme Wäert vu Gesondheetsdonnéeën am Dark Web ugezu ginn. Paralyséiert Systemer, Fuitte vu sensibelen Donnéeën a Léisegeldfuerderungen – d’Risike sinn net méi just theoreetesch, mee si sinn am Alldag present.
Eng nei Realitéit fir d’Gesondheetswiesen
Cyberattacke si keng abstrakt Bedroung méi, déi nëmme grouss Institutioune betrëfft. Cyberattacke sinn ewell eng dagdeeglech Bedroung fir all d’Gesondheetsstrukturen, vun den Apdikte bis bei d’Dokteschpraxissen, a menacéieren direkt d’Sécherheet vun den Donnéeën an d’Vertraue vun de Patienten.
Cybersécherheet ass mëttlerweil e liewenswichtege Pilier: Fir eng medezinesch Entreprise ass de Risiko Affer vun enger Cyberattack ze ginn haut 21 Mol méi héich wéi dee vun engem Brand. D’Konsequenze sinn direkt an hefteg: paralyséiert Aktivitéit, blockéiert Gesondheetsversuergung, kolossal finanziell Verloschter (an Héicht vun Zéngdausenden Euro) a reglementaresch Sanktiounen. D’Fro ass net méi, ob mer attackéiert ginn, mee wéini.
easyPRO Cyber : une approche globale en trois piliers
Well d’Attacken ëmmer méi heefeg ginn, geet et net duer, einfach nëmmen ze reagéieren. Et gëllt, sech eng strukturéiert Strategie zouzeleeën, déi sech op dräi wichteg Piliere stäipt a vun easyPRO Cyber konkreet an d’Praxis ëmgesat gëtt: virsuergen, reagéieren a reparéieren.
1. Virsuergen: Proaktiv Preventioun
D’Approche vun easyPRO Cyber fänkt scho laang virun engem Incident un. Ageleet gëtt se mat engem gratis Sécherheetsscan, deen den Niveau vun de Schwaachstellen an Ärer Struktur prezis evaluéiert. Duerch dës Diagnos kënne Schwaachstellen identifizéiert ginn, éier se ausgenotzt ginn, an dat setzt de Risiko vun enger Attack konkreet erof. Dank der Plattform Dattak Defense profitéiert den Assuré vun enger kontinuéierlecher Iwwerwaachung an Alerten an Echtzäit, fir Anomalien opzedecken, en nëtzlechen Zousaz zu Äre gewinnten IT-Prestatairen. D’Approche ëmfaasst och erweidert Auditen a simuléiert Phishing-Campagnen, déi vun Experten entwéckelt goufen, fir Är Mataarbechter fir mënschlech Feeler ze sensibiliséieren, déi dacks d’Haaptursaach vun den Intrusioune sinn.
2. Reagéieren: Eng direkt Interventioun 24/7
Wann et zu engem Incident kënnt, zielt all Minutt. easyPRO Cyber stäipt sech op e Partenariat mat Dattak, fir iwwer 50 spezialiséiert Experten (Cybersécherheet, Droit, Krisemanagement), déi ronderëm d’Auer am Asaz sinn, ze mobiliséieren. D’Reaktiounszäit läit ënner zwou Minutten.Duerch dës Reaktivitéit kënnen d’Attacken agedämmt, d’Systemer securiséiert an d’Krisekommunikatioun geréiert ginn, fir de gudde Ruff vun Ärer Struktur ze schützen. D’Assistance ëmfaasst och déi virgeschriwwen Notifikatiounen an déi domat verbonne Käschten a bitt esou eng global Prise en charge bei Virfäll wéi E-Mail-Bedruch, digital Erpressung oder Dateschutzverletzungen.
3. Reparéieren: Finanzielle Schutz a Kontinuitéit
Eis Léisung indemniséiert entstane Verloschter, sou datt den Assuré de Konsequenze vun der Attack besser gewuess ass. De Versécherungsschutz ëmfaasst:
Reconstitutioun vun de Systemer a vun den Donnéeën
Betribsverloschter, déi um Peak vun der Aktivitéit (an net um üblechen Duerchschnëtt) gerechent ginn, wat an Zäite vun enger héijer Demande besonnesch wichteg ass
Käschte fir d’Verhandlung vu Léisegeld am Fall vun enger digitaler Erpressung
Verdeedegungskäschten an déi domat verbonnen Demarchen, wann eng Drëttpersoun (Patient, Partner) betraff ass
easyPRO Cyber bitt ausserdeem d’Fräiheet, am Fall vun engem Incident de Prestataire vun Ärem Vertrauen ze halen. D’Käschte ginn no der Validatioun vun den Devisen iwwerholl, wat Iech erlaabt, mam IT-Expert, deen Dir kennt, zesummenzeschaffen a gläichzäiteg vum Versécherungsschutz ze profitéieren.
Fir ze illustréieren, wéi wichteg dëse Schutz ass, ënnersiche mir hei zwou reell Situatiounen, déi och Är Praxis oder Är Apdikt hätten treffe kënnen.
Fall vun enger Dokteschpraxis: Attack mat Erpressungssoftware
Eng Dokteschpraxis gouf Affer vun E-Mail-Bedruch (Phishing). D’Täter hunn de ganze Gestiounssystem verschlësselt an esou den Zougrëff op d’Patientendossiere paralyséiert an d’Facturatioun blockéiert. Duerno gouf Léisegeld gefuerdert.
Mat easyPRO Cyber wier dëse Schued bis zu enger Héicht vun 12.520 € iwwerholl ginn:
720 € fir d’Noutfall-Assistance an d’Gestioun vum Schued
1.800 € fir d’Aarbecht vun den IT-Experten, déi d’Schwaachstell identifizéieren
10.000 € fir d’Reconstitutioun vum IT-System a vun den Donnéeën
Dës Couverture hätt d’Kontinuitéit vun de Gesondheetsleeschtungen an de Schutz vum gudde Ruff vun der Praxis séchergestallt.
Fall vun enger Apdikt: Massiv Fuite vun Donnéeën
Am November 2023 gouf eng Apdiktechaîne Affer vun enger Cyberattack, déi et op hire Logiciel fir d’Gestioun vun de Stocken ofgesinn hat. Doduerch koum et zu enger totaler Perturbatioun vum Approvisionnement an et goufen iwwer 500.000 Identifianten a Passwierder vun Assuréë geklaut an am Darknet verëffentlecht.
Hei hätt easyPRO Cyber sämtlech Käschte fir d’Gestioun vum Schued (1.800 €) iwwerholl, genee ewéi d’Aarbecht vun den IT-Experten (1.800 €), d. h. en Total vun 3.600 €, fir de System ze securiséieren an d’Kris am Zesummenhang mam gudde Ruff ze geréieren.
Eng Léisung, déi fir all professionell Clienten zougänglech ass
D’Zil vu LALUX Assurances ass et, d’Cyberassurance mat vereinfachten Demarchen och fir méi kleng Strukturen accessibel ze maachen. D’Primm gëtt op der Basis vun der éischter Evaluatioun a vum Chiffre d’affaires vun der Entreprise festgeluecht, sou datt de Schutz fir jiddereen zougänglech ass. Ob fir d’Ofsécherung géint béiswëlleg Intrusiounen, mënschlech Feeler, E-Mail-Bedruch oder Ausfäll vum System, easyPRO Cyber bitt eng 360°-Assurance.
Fazit: Kuckt net méi einfach no, schützt Iech
Et ass un der Zäit, fir vun der Reaktioun op d’Preventioun iwwerzegoen. easyPRO Cyber ass eng Léisung, déi Preventioun, Begleedung vun Experten a komplette Versécherungsschutz am Fall vun engem Incident ënnert een Hutt bréngt. Si erlaabt et, Menacë virzegräifen, Är Systemer ofzesécheren an d’Kontinuitéit vun Ärer Aktivitéit entspaant ze garantéieren.
Déi éischt Etapp ass einfach a gratis: Frot Äre Sécherheetsscan un, fir Är Schwaachstellen haut schonn ze evaluéieren.
Wann Dir haut handelt, schützt Dir net nëmmen Är Donnéeën, mee besonnesch d’Vertraue vun Äre Patienten an de Fortbestand vun Ärer Struktur.
easyPRO Cyber
Devis ufroen
![[Translate to Lëtzebuergesch:] easyPRO Cyber - secteur medical](/fileadmin/_processed_/d/4/csm_easyPRO_Cyber_secteur_medical_6e6fe23c11.jpg)
![[Translate to Lëtzebuergesch:] easyPRO Cyber Pharmacie](/fileadmin/_processed_/5/1/csm_easyPRO_Cyber_-_Pharmacie_paiement_f5156c78c5.jpg)