Zitt mat lalux-Staff Protect Talenter un a fideliséiert se: e steierlech interessante Plang fir Zousazpensiounen, dee flexibel an zu 100 % digital ass, fir Iech an Är Mataarbechter.
#LALUXOfficeTalk Assurance lalux-Staff Protect
Hutt Dir schonn driwwer nogeduecht, eng Zousazpensiounsversécherung anzeféieren? Dat kéint an Ärem Salaires-Package den entscheedenden Ënnerscheed maachen, mat deem Dir déi Talenter, déi Dir sicht, unzéie kënnt.
lalux-Staff Protect ass eng Zousazpensiounsversécherung, déi vum Employeur finanzéiert gëtt. Si erlaabt et, d’Pensioun vun Äre Mataarbechter ze plangen an hinnen am Stierffall oder am Fall vun Invaliditéit eng zousätzlech Sécherheet ze bidden. Den Affiliéierte ka se och selwer duerch perséinlech Bäiträg ergänzen.
Et gi vill Virdeeler:
- Als Employeur profitéiert Dir vun engem attraktive steierleche Kader. D’Käschte kënnen nämlech als Betribsausgabe vun de Steieren ofgesat ginn. Op de Primme sinn och keng Cotisatioune fir d’Sozialversécherung ze bezuelen.
- Dir kënnt decidéieren, ob Dir all Är Mataarbechter oder nëmmen eng bestëmmt Kategorie verséchere wëllt. Dir wielt op der Basis vun Ärem Budget a vun der Maartpraxis an den Entreprisen aus Ärem Secteur aus, wat ofgedeckt gi soll.
A schliisslech erliichtert den digitalen Tool easyPENSION PRO d’Gestioun vun Ärem Pensiounsplang. All d’RH-Demarchen, wéi nei Affiliéierter dobäizesetzen oder aler ze läschen, ginn online gemaach.
Och Är Mataarbechter profitéiere vu ville Virdeeler:
- Si si géint ongeplangt Evenementer am Liewen ofgeséchert a sichen den Typ vun Investissement selwer eraus: garantéiert Rendementen oder Investmentfongen, woubäi dëse Choix all Joer geännert ka ginn.
Si kënnen hire Pensiounsplang mat perséinleche Cotisatioune vu bis zu 100 € de Mount ergänzen. - Mat dëse Bäiträg profitéiere si all Mount direkt vun engem steierleche Virdeel op hirer Pai. Wa si an d’Pensioun ginn, steet dat Erspuertent hinnen a Form vu Kapital zur Verfügung. Am Fall vun engem virzäitegen Doud gëtt de Spuerbetrag un déi benannte Persounen ausbezuelt.
D’Käschte si fir den Employeur déi selwecht, steierlech gesinn ass dës Versécherung awer méi interessant wéi eng Gehaltserhéijung oder Gratifikatioun.
A schliisslech hu si och Accès op d’Plattform easyPENSION PRO, fir hiert Spuerverméijen ze consultéieren, d’Investissementer ze geréieren a villes méi. Iwwer 40.000 Mataarbechter profitéieren haut scho vun de Virdeeler vu lalux-Staff Protect.
Dir wëllt och Är Ekippen dovunner profitéiere loossen? Da loosst Iech vum féierende Liewensversécherer zu Lëtzebuerg beroden. Eis Experten hëllefen Iech, déi Léisung ze fannen, déi Ären Erwaardungen an deene vun Äre Mataarbechter entsprécht.

