Mat COMPANY vun der DKV Luxembourg kënnt Dir Äre Mataarbechter eng erweidert Gesondheetsversécherung ubidden an als Firma vu Steiervirdeeler an enger einfacher, flexibler Administratioun fir Äert HR-Departement iwwer en Digitaalt Portal profitéieren.
#LALUXOfficeTalk Gesondheetsversécherunge fir Betriber
Dir wëllt Iech als attraktiven Employeur positionéieren a gläichzäiteg Är Mataarbechter laangfristeg fideliséieren? Dann investéiert an Är Mataarbechter. Well gesond a motivéiert Personal ass net nëmmen e gutt „mënschlecht Kapital”, mee och d’Basis fir den Erfolleg vun Ärem Betrib.
Onofhängeg vun Ärem Aktivitéitssecteur, der Gréisst vun Ärer Entreprise oder vun Äre Besoine bitt DKV Luxembourg, Member vum Grupp LALUX, mat der betriblecher Gesondheetsversécherung COMPANY Léisungen op d’Mooss fir d’Betriber an d’medezinesch Versuergung vun hire Mataarbechter.
Stellt Är kollektiv Assurance individuell zesummen. Dir decidéiert, vu wéi enge Leeschtungen Är Mataarbechter profitéiere kënnen: ambulant Behandlungen, dorënner och Kinesitherapie an alternativ Behandlungsmethoden, Brëller a Kontaktlënsen a Laseroperatiounen un den Aen, Hospitalisatiounen oder Behandlungen un den Zänn.
Dës klassesch Versécherunge kënnt Dir och nach mat anere Garantien ergänzen: dem exklusive Premiumservice BEST CARE+, als Direkthëllef am Fall vu schwéieren, eeschten Erkrankungen, an der Versécherung fir Auslandsreesen TRAVEL+, fir an der Vakanz oder op Geschäftsreese weltwäit medezinesch ofgeséchert ze sinn.
De Gruppekontrakt gesäit och e Fortféierungsrecht vir. Dat heescht, datt de Salarié seng Assurance iwwerhuele kann, wann hien an d'Pensioun geet oder de Betrib verléisst, an dat ouni Gesondheetscheck!
Nieft der Gruppeversécherung fir all d’Mataarbechter besteet awer och d’Méiglechkeet, nëmmen eenzel Gruppen ze versécheren. Also e spezifesche Grupp vu Persounen, wéi d’Manager oder d’Direkteren. Dir kënnt esouguer d’Affiliatioun vun de Familljememberen zouloossen.
D’Cotisatiounen, déi Dir als Employeur fir d’Ofdeckung vun de Krankheetskäschten iwwerhuelt, kënne vun der Steier ofgesat ginn! Mat der Gruppeversécherung erméiglecht Dir Äre Mataarbechter vun der Erweiderung vum Krankeversécherungsschutz a ville Beräicher ze profitéieren, déi net oder nëmmen deelweis vun der obligatorescher Krankekeess ofgedeckt sinn. Mee virun allem profitéieren Är Mataarbechter vun engem direkte Versécherungsschutz – ouni medezinesch Ënnersichung an ouni Karenzzäit.
An dat alles gëtt Iech ganz einfach gemaach. D’Entréeën an d’Sortië vun Äre Mataarbechter geréiert Dir ganz einfach iwwer de COMPANY-Portal.
Dir wëllt nach méi bidden? Firwat dann net Ären Employee Benefits-Package ausdeene mat lalux-Staff Protect, der Zousazpensiounsversécherung fir Betriber? Zéckt net a kontaktéiert eis Ekipp vum Corporate-Service fir eng individuell Berodung.

