Déi vereinfacht Gestioun vun Zousazpensiounssystemer easyPENSION PRO, den neie gesécherten digitalen Espace
Méi dozou...

easyPENSION PRO RH

Den Espace Client fir Zousazpensioune fir Entreprisen

Déi nei Plattform easyPENSION PRO ass fir d'Employeuren (iwwer den Direkter oder de Personalbüro (RH)) an d'Mataarbechter vun deenen Entreprise geduecht, déi eng betriblech Zousazpensioun bei LALUX ofgeschloss hunn, déi erméiglecht d'Pensioun vun den Employéeen ze preparéieren an eventuell eng zousätzlech Sécherheet am Fall vun Doud oder Invaliditéit ze garantéieren. 

Zanter e puer Joer wënsche sech Employeuren an Affiliéiert vun engem Pensiounsplang eng reegelméisseg Iwwerwaachung vun hirem Kontrakt a s wëllen online mat hirem Assureur a Kontakt triede kënnen, fir sech iwwer hir Pensiounserspuernisser informéieren ze kënnen. Dofir huet LALUX easyPENSION PRO kreéiert. 

Virdeeler

Ronderëm d'Auer verfügbar

easyPENSION PRO ass zu all Moment bei Iech doheem an an der ganzer Welt  ronderëm d'Auer verfügbar. Als Ressources Humaines kënnt Dir Är Zousazpensiounspläng verwalten an iwwerwaachen, wou a wéini Dir wëllt. 

Einfach Gestioun

Mat easyPENSION PRO huet elo jiddereen, dee Wäerter an engem Pensiounsproduit vun der 2. Sail huet, d'Méiglechkeet esou Wäerter op dëser Plattform ze kombinéieren a behält dësen Zougang bis zur Pensiun an och dann, wa se op en anere Patron wiesselen. Dëst mecht d'Iwwerwaachung vum Zousazpensiounsplang méi einfach. 

All Är wichteg Dokumenter zentraliséiert

Kuckt Är Conventiunen, AML Dokumenter, Pensiounspläng… direkt an Ärem easyPENSION PRO Espace

Vill Fonktiounen verfügbar

En neien Employée dobäi setzen, Donnéeën importéieren, Decompter vun de Joresprimmen nokucken, sinn e puer Beispiller vun den neie Funktiounen

Informatiounsvideoen

RH Kont aktivéieren

Als RH umellen

No der DRH Aktivatioun

Membere bäisetzen

Donnéeën iwwermëttelen

Depart mellen

Guide Utilisateur fir d'Gestionnaire vum betriblechen Zousazpensiounsplang

Lalux Document Img Alt

Guide utilisateur easyPENSION PRO RH

easyPENSION PRO - fir wien ass dat?

easyPENSION PRO ass e praktescht digitalt Tool fir: 

  • - déi, déi am Kader vun enger betriblecher Zousazpensioun veréschert sinn, d.h. Mataarbechter vun enger Entreprise, déi en Zousazpensiounsplang fir hir Mataarbechter ofgeschloss huet
  • - d'Ressources Humaines an Dirigeants d'entreprises, déi fir hir Mataarbechter e lalux-Staff Protect Zousazpensiounsplang ofgeschloss hunn
  • - Fräiberuffler an Independanten, déi e lalux-Safe Future Zousazpensiounsplang ofgeschloss hunn