Déi vereinfacht Gestioun vun Zousazpensiounssystemer easyPENSION PRO, den neie gesécherten digitalen Espace
Méi dozou...

easyPENSION PRO Affiliéiert

Den Espace Client fir Zousazpensioune fir Entreprisen

Déi nei Plattform easyPENSION PRO ass fir d'Employeuren (iwwer den Direkter oder de Personalbüro (RH)) an d'Mataarbechter vun deenen Entreprise geduecht, déi eng betriblech Zousazpensioun bei LALUX ofgeschloss hunn, déi erméiglecht d'Pensioun vun den Employéeen ze preparéieren an eventuell eng zousätzlech Sécherheet am Fall vun Doud oder Invaliditéit ze garantéieren. 

Zanter e puer Joer wënsche sech Employeuren an Affiliéiert vun engem Pensiounsplang eng reegelméisseg Iwwerwaachung vun hirem Kontrakt a s wëllen online mat hirem Assureur a Kontakt triede kënnen, fir sech iwwer hir Pensiounserspuernisser informéieren ze kënnen. Dofir huet LALUX easyPENSION PRO kreéiert. 

Virdeeler

Ronderëm d'Auer verfügbar

easyPENSION PRO ass zu all Moment bei Iech doheem an an der ganzer Welt  ronderëm d'Auer verfügbar. Als Affiliéierte kënnt Dir Är Zousazpensiounspläng verwalten an iwwerwaachen, wou a wéini Dir wëllt. 

Einfach Gestioun

Mat easyPENSION PRO huet elo jiddereen, dee Wäerter an engem Pensiounsproduit vun der 2. Sail huet, d'Méiglechkeet esou Wäerter op dëser Plattform ze kombinéieren a behält dësen Zougang bis zur Pensiun an och dann, wa se op en anere Patron wiesselen. Dëst mecht d'Iwwerwaachung vum Zousazpensiounsplang méi einfach

All Är wichteg Dokumenter zentraliséiert

Consultéiert Är Versécherungsdokumenter wéi Kontrakter, individuell Certificaten direkt an Ärem easyPENSION PRO Espace oder frot eng Ännerung vun de Beneficären a just e puer Klicks un.

Vill Fonktiounen verfügbar

Kuckt Är Erspuernisser, schätzt Äert Kapital fir Är Pensioun, frot en Dokument un, kontrolléiert Är Risikoofdeckung, kontrolléiert Ären Investitiounschoix. All dës Aktiounen sinn elo verfügbar.

Informatiounsvideoen

Als Affiliéierte säi Kont aktivéieren

Als Affiliéierten umellen

Plattform entdecken

Guide Utilisateur fir d'Gestionnaire vum betriblechen Zousazpensiounsplang

Lalux Document Img Alt

Guide utilisateur easyPENSION PRO Affilié

easyPENSION PRO - fir wien ass dat?

easyPENSION PRO ass e praktescht digitalt Tool fir: 

  • - déi, déi am Kader vun enger betriblecher Zousazpensioun veréschert sinn, d.h. Mataarbechter vun enger Entreprise, déi en Zousazpensiounsplang fir hir Mataarbechter ofgeschloss huet
  • - d'Ressources Humaines an Dirigeants d'entreprises, déi fir hir Mataarbechter e lalux-Staff Protect Zousazpensiounsplang ofgeschloss hunn
  •  - Fräiberuffler an Independanten, déi e lalux-Safe Future Zousazpensiounsplang ofgeschloss hunn