Infoen & Tools / FAQ / A wéi engem Mooss gëtt mäin Agent oder meng Assurance iwwer Ännerungen informéiert, déi a menger easyAPP gemaach ginn?

A wéi engem Mooss gëtt mäin Agent oder meng Assurance iwwer Ännerungen informéiert, déi a menger easyAPP gemaach ginn?

All Ännerungen an Demanden, déi iwwer LALUX easyAPP gemaach ginn, ginn direkt un dat betraffent Departement vum Grupp LALUX iwwerdroen. Wann et sech ëm d'Meldung vu Schied handelt, gëtt Ären Agent iwwer E-Mail informéiert, an hie validéiert Är Demande, éier se u LALUX weidergeleet gëtt.

Ären Agent bleift awer Är Haaptkontaktpersoun, dofir ginn Ännerungen, bei deene seng Erfarung wichteg ass, direkt un hie weidergeleet.

Mir erënneren och nach eng Kéier dorunner, datt dës Informatiounen ni un Drëttpersounen (bei deenen et sech net ëm eng Entitéit vum Grupp LALUX oder ee vun Äre LALUX-Agenten handelt) weidergeleet ginn.