Infoen & Tools / FAQ / Bekannter vu mir hunn en aalt Haus ëmgebaut a konnte wärend de Bauaarbechte vun enger gratis Assurance profitéieren. Stëmmt dat?

Bekannter vu mir hunn en aalt Haus ëmgebaut a konnte wärend de Bauaarbechte vun enger gratis Assurance profitéieren. Stëmmt dat?

LALUX bitt Iech effektiv wärend den Aarbechten eng gratis Assurance, fir de Brandrisiko ofzesécheren. Déi aner Ofsécherunge vu Risiken, déi eventuell am Kontrakt virgesi sinn, ginn eréischt nom Ofschloss vun de Bau- oder Ëmbauaarbechte wierksam. Fir LALUX gëllen dës Aarbechten als ofgeschloss, wann déi follgend Bedéngungen erfëllt sinn:

  • fir de Stuermrisiko muss d'Gebai ganz zou an ofgedeckt sinn, mat definitiv agesate Fënsteren an Dieren;
  • fir de Waasserschued- a Glasbrochrisiko muss d'Gebai ganz zou an ofgedeckt sinn, mat definitiv agesate Fënsteren an Dieren. Ausserdeem mussen déi sanitär Ariichtungen installéiert sinn an d'Heizung muss funktionéieren.