Infoen & Tools / FAQ / Ech hu grad en Haus kaf. Muss ech d'Assurance vum Proprietär, dee mir d'Haus verkaf huet, iwwerhuelen?

Ech hu grad en Haus kaf. Muss ech d'Assurance vum Proprietär, dee mir d'Haus verkaf huet, iwwerhuelen?

Dir sidd net verflicht, d'Assurance vum fréiere Proprietär ze iwwerhuelen. Deelt dem Verkeefer just mat, datt Dir Iech selwer ëm d'Assurance këmmert, an datt hie de besteeënde Kontrakt kënnege kann. Vergiesst awer net, esou séier ewéi méiglech Ären Assureur ze kontaktéieren, fir datt hien dofir suerge kann, datt Dir beim Ënnerschreiwe vum Kafvertrag beim Nottär iwwer eng Note de couverture verfüügt.