Infoen & Tools / FAQ / Ech liewe mat menger Frëndin zesummen. Ass si duerch meng Assurance fir Haus a Wunneng matverséchert?

Ech liewe mat menger Frëndin zesummen. Ass si duerch meng Assurance fir Haus a Wunneng matverséchert?

Äre Partner, mat deem Dir bestuet sidd a vun deem Dir net getrennt lieft, Äre Liewenspartner, mat deem Dir gepacst sidd, oder Är(e) Frënd bzw. Frëndin, mat deem/där Dir zesummelieft, profitéiere vum Versécherungsschutz vun Ärer Assurance fir Haus a Wunneng. Dir musst nëmmen oppassen, datt d'Versécherungszomm fir Miwwelen ugepasst ass an déi perséinlech Géigestänn vun där Persoun mat abezitt.

Dir kënnt decidéieren, dës Persoun mam Numm an de Kontrakt opzehuelen.
Bei der privater Haftflichtversécherung gëllt de Versécherungsschutz fir all net bestuete Persoun, déi keen eegene Stot resp. keng eege Wunneng huet, a gewéinlech mam Preneur d'assurance an enger haislecher Gemeinschaft zesummelieft.